Den David Ianni ass e Museker fir unzepaken, hie sicht de Kontakt zu de Mënschen a wëll mat senger Musek Gefiller uschwätzen, déi mat Wierder dacks net méi kënnen erreecht ginn . Zanter leschter Woch kritt ee säin neien Album mam Titel ''Farewell Prayers'' ze kafen an dëse beschäftegt sech mam Thema ''Abschid''. D'Marie Gales huet mam Lëtzebuerger Pianist geschwat.

17/12/2019 Neien CD vum David Ianni ''Farewell Prayers''

Et war dem David Ianni ganz wichteg fir dësen Album nach dëst Joer erauszebréngen an et kann ee soen, dass ''Farewell Prayers'' dee bis elo Perséinlechsten ass. Bei Abschid denken déi meescht un eng méi traureg, melancholesch Stëmmung; mä sou wier den Album net ginn.
Et sinn e puer Lidder drop, déi op gregorianeschem Gesang baséieren an den David Ianni huet och 3 Lidder vum Michael Patrick Kelly derbäi. D'Lidder sinn online ze kafen a weider Detailer ginn et och um Internetsite vum David Ianni