De 4ten Dezember war am nationale Literaturarchiv zu Miersch d'Präisiwwerreechung vum Nationale Literaturconcours 2019. Bei dësem Concours ginn déi beschte Manuskripter an engem bestëmmte Genre präméiert, dëst Joer war dat de Roman. D'Iddi hannert dësem Präis, den et zënter 1978 gëtt, ass d'literaresch Kreativitéit ze fërderen an d'Auteuren bei der Publikatioun vun hire Wierker z'ënnerstëtzen. D'Bea Kneip huet d'Detailer. 

11/12/2019 Lecture vun heiheem: Concours Littéraire 2019

34 Wierker waren an der Kategorie "Auteurs Adultes" agereecht ginn, 4 Wierker waren et an der Kategorie "Jonker tëscht 15 a 25 Joer" . Am Ganzen hat de Jury, dem nieft dem President Jérôme Jaminet nach d'Fabienne Gilbertz, d'Ludivine Jehin, de Marcel Kieffer an de Jay Schiltz ugehéiert hunn, ronn 7000 Säiten ze liesen. Vun deenen 38 Manuskripter waren der 19 op Däitsch, 9 op Englesch, 8 op Franséisch an 2 op Lëtzebuergesch. Interessanterweis sinn déi 4 Sproochen och an de 4 präméierte Manuskripter erëmzefannen.
D'Anja Di Bartolomeo, déi de Literaturconcours 2017 mat hirem Erzielband "Chamäleons" fir sech entscheede konnt, huet dëst Joer mat hirem éischte Roman "Wundholz" déi drëtt Plaz erreecht. E Wierk dat iwwregens aus enger Kuerzgeschicht entstanen ass.
Déi zweet Damm an der Ronn vun de Laureaten ass d'Olivia Katrandjian, eng Journalistin mat armenesch-amerikanesche Wuerzelen, déi zënter 3 Joer hei zu Lëtzebuerg wunnt. Hiren historesche  Roman "The Ghost Soldier" huet dann och e Bezuch zu eisem Land.
Deen éischte Präis war fir e Manuskript op Lëtzebuergesch, dem Samuel Hamen säi Roman mam Titel "I.L.E". A sénger Begrënnung ënnersträicht de Jury dass hei  : "Elementer vum Kriminalroman an der dystopescher Literatur verknäppt ginn" wouraus e "gläichermoossen ënnerhalsamen a literaresch usprochsvolle Roman" entsteet. Nieft senger Freed iwwert de Präis gesäit de Laureat doran och e wichtegen Impuls fir d'literaresch Aarbecht am allgemengen.
Den 21 Joer jonken Antoine Pohu dee schonn 2018 de Prix Laurence gewonnen huet, konnt de Jury an der Kategorie "Jonk Auteuren" iwwerzeegen. Och hien erhofft sech en Editeur fir säi Roman mam Titel "La Quête".
Dat ass och de Wonsch vum President vum Jury, dem Jérôme Jaminet
Et kann een also hoffen, dass déi 4 Manuskripter geschwënn als richteg Bicher an d'Librairie kommen!

Beim Literaturconcours 2020 wäert et dann ëm d'Poesie goen.