Um Wupp vum Joer ass et zimmlech roueg, fir net ze soe schappeg mat neier Musek. De Bléck an d'Zukunft ass do schonn e bësse méi interessant, well et si schonn e puer Releasë fir 2020 ugekënnegt, respektiv d'Rumeure lafen op Héichtouren.

20/12/2019 Nei Musek fir 2020

Opgepasst déi nächst Minutte si mat Virsiicht ze genéisse well och an der Musek kënnen de leschte Moment nach Saachen änneren, Limp Bizkit bréngen zum Beispill zënter puer Joer en neien Album eraus, héieren huet deen awer nach keen. Eriwwer bei déi e bësse méi konkret Informatiounen déi fir 2020 virleien. Fir den éischt Mount vum Joer ginn et schonn e puer fest Rendezvousen; de Weekend vum 10. Januar kënnt Lonely Generation vun Echosmith grad ewéi Rage vum Selena Gomez eraus.

Zwou Woche méi spéit beweisen d'Pet Shop Boys datt se nach eng drop hunn. Hotspot heescht hir nei Plack. Och nach am Januar sinn déi nei Wierker vum Kesha - High Road, Meghan Trainor - Say Nothing an Ozzy Osbourne - Ordinary Man geplangt.

Eriwwer an de Februar wou mat Father Of All Motherfuckers déi nei Green Day an d'Butteker kënnt.

The 1975, grad ewéi La Roux, Richard Marx a Five Finger Death Punch hunn och wëlles hir nei Musek am Februar erauszebréngen.

Duerno fänkt et u flu ze ginn. dowéinst sinn dat heiten éischter Spekulatioune wéi elo confirméiert Informatiounen. Am Mee soll Such Pretty Forks In The Road vum Alanis Morissette kommen, grad ewéi déi nei Weezer - Van Weezer.

2020 sollen donieft och nach déi nei Albume vun Alicia Keys, Bush, Dixie Chicks, Dua Lipa, OneRepublic a Scorpions erauskommen. Et versprécht en intressant (musikalescht) Joer ze ginn.