Knapps huet een dat grousst Iesse vun de Chrëschtdeeg hannert sech gelooss, stinn och scho Silvester an dat neit Joer virun der Dier. An do ass et virun allem emol den décke Kapp, deen engem de Start an d'Joer 2020 ka verdierwen. Wat Der musst maachen, fir deen z'evitéieren, weess d'Julie Dupont.

30/12/2019 Slvester: Wat maache géint den décke Kapp?

Am Beschte fänke mer direkt beim Problem un: den décke Kapp! E kënnt virun allem duerch ee Mangel u Waasser a Mineralstoffer. Eise Kierper protestéiert dann mat Kappwéi, Middegkeet a mat e bësse Pech ass et engem schlecht. Richteg schlecht.

Mee et kann een sech selwer eppes Guddes doen, an doduerch dann den décke Kapp den Dag drop evitéieren.
Déi éischt Fauschtreegel: den eidele Mo mat Iesse fëllen. Wien op eidele Mo drénkt spiert den Alkohol vill méi séier, well den Alkohol duerch Schläimhait vum Mo opgeholl ginn. Wann do awer schonn eppes dran ass, muss den Alkohol nach säi Wee fannen. Ganz gutt sinn dann och fetteg Saachen a Kuelenhydrater. Zum Beispill ee gudden Teller Nuddele mat Zooss, oder Geméis am Ueleg ageluecht. Mee duerch d'Iesse kënnt net manner Alkohol an de Kierper, e kënnt just méi lues un.

Soubal et dann un den Alkohol geet, gëtt et 2 weider Reegele fir sech ze schützen. Éischtens: no all Glas Alkohol soll een e Glas Waasser drénken. Esou evitéiert een, dass de Kierper ze vill ausdréchent. Dann gëllt als zweet Reegel: snack dech glécklech! Ee Grapp voll Nëss, kleng Häppercher oder souguer een Teller Zopp méi spéit am Owend, hëllefen den Niveau vu Mineralstoffer am positive Beräich ze halen. Och den Tubak ass ee gudde Kolleeg vum décke Kapp. Et ass nämlech bewisen, dass Nikotin déi ganz Saach nëmme verschlëmmert. Et schued och net d'Zëmmer an dem ee schléift anstänneg duerch ze lëften virum Schlofe goen. Wann nämlech net genuch Sauerstoff am Raum ass, gëtt de Kapp nach méi déck.

Dat einfachst Mëttel bleift awer: keen Alkohol drénken. Da brauch een och keng Angscht virum Mueren duerno ze hunn. A wann der op Silvester d'Steierrad an de Grapp huelt, maacht et am erniichteren Zoustand. Nëmmen dann gëtt dat Neit Joer och ee gutt Joer.