Um südwestlechen Eck vun der arabescher Hallefinsel läit de Jemen, e Land aus dem eis wéineg Biller erreechen, a wann, da sinn et Biller vu Krich, Zerstéierung, Honger a Krankheet. Virun 10 Joer war de Guy Helminger ee Mount laang do an enger Autore-Residenz. A sengem Buch "Die Lehmbauten des Lichts" deelt de Lëtzebuerger Schrëftsteller seng Andréck vun deemools. D'Bea Kneip huet sech mat him doriwwer ënnerhalen.

08/01/2020 Lecture vun heiheem: "Die Lehmbauten des Lichts" vum Guy Helminger

Bis 1990 war de Jemen e gedeeltent Land. Awer och nodeems aus deem aus der arabescher Republik am Norden an der demokratescher Volleksrepubik am Süden nees ee Land gouf, koum de Jemen net zur Rou. Attacke vun der Al-Quaida an de Konflikt tëscht Regierungstruppen an den Houthi-Rebellen hunn dozou gefouert, dass de Jemen sech zënter de fréien 2000er an engem permanenten Zoustand vu Biergerkrich befënnt.  2015 huet sech d'Situatioun nach eng Kéier zougespëtzt, dat nodeems sech ënnert der Leedung vu Saudi-Arabien eng Militärkoalitioun forméiert huet déi mat Loftugrëff géint d'Houthi-Rebelle virgeet. Fir d'Zivilbevëlkerung ass d'Lag katastrofal. Allerdéngs komme wéineg Nouvellen aus dem Land um Golf vun Aden. 2008 konnt een nach dohinner reesen, a genee dat huet de Guy Helminger gemaach.

Bis 1991 hate vill Jemeniten a Saudi-Arabien gelieft a geschafft, während dem Golfkrich hunn se hiert nërdlecht Nopeschland dunn awer misste verloossen, wat fir déi jemenitesch Ekonomie e grousse Verloscht bedeit huet. Déi Jemeniten déi nees heem koumen, hunn och nach eppes aneschtes matbruecht: De Wahabismus.

De Jemen, sou wéi de Guy Helminger en a sengem Buch beschreiwt, ass e Land voller Géigesätz. Déif beandrockt war en zum Beispill vun der Architektur a vun der Gaaschtfrëndlechkeet vun den Awunner. Aarmut, Entféierungen, Ënnerdréckung, Korruptioun a Fanatismus gehéieren awer och zur Realitéit am Jemen. Mat de Jemeniten déi en deemools kennegeléiert huet, huet de Guy Helminger haut kee Kontakt méi, weess och net, ob se nach liewen. Just eemol konnt en nach e klenge Bléck zeréck geheien:
Bei engem Besuch vun zwee jemenitesche Schrëftsteller am Heinrich Böll Haus zu Köln goufe Fotoe gewisen. Op enger dovun huet de Guy Helminger dat Haus erëmerkannt, an dem e während sengem Openthalt zu Sanaa gewunnt huet. Do ronderëm war alles zerbombt.

Am November 2019 goufen et Verhandlungen tëscht de Separatisten am Süden an der jemenitescher Regierung. Ob dat en éischte Schratt a Richtung Fridden ass, kann een awer nach net mat Sécherheet soen. 

En Extrait aus dem Buch:  
Shibam-Hadramaut, eine Stadt mit 13000 Einwohnern. Hier stehen um die 450 Wolkenkratzer, viele davon 400 bis 500 Jahre alt und bis zu 30 Meter hoch. Eine Skyline aus Lehm, getrocknet nur vom Licht, als habe die Sonne sich Behausungen für den Winter gemauert, ein völlig irrealer Anblick.