"Tourists with Kids" - sou nennt sech de Reesblog vum Valentina a vum Nicolas. Alle béid si virun 10 Joer vu Wien op Lëtzebuerg komm. Den Nicolas ass gebiertege Belsch an d'Valentina ass gebierteg Russin an ass mat 12 Joer aus Tschechien an Éisträich geplënnert. Kennegeléiert hunn déi zwee sech op der Uni zu Wien a sinn duerno fir d'Aarbecht op Lëtzebuerg komm. An virun engem Joer hu si decidéiert nees eng kéier ze plënneren. Klengt net aussergewéinlech - ass et awer...

09/01/2020 Matt Kanner Vollzäit reesen

D'Famill Stoops ass viru gutt engem Joer aus hirer grousser Wunneng zu Lëtzebuerg erausgeplënnert, eran an e Camper, dee grad mol 7 Quadratmeter huet. An dat zesummen mat 4 Kanner. 6,4, 2 Joer an 2 Méint al sinn déi zwee Meedercher an déi zwee Bouwen. Dofir waren se och grad nees zu fir 3 Méint zu Lëtzebuerg, well d'Mamm an de Bëbee e bëssi Rou gebrauch hunn. Ma ganz laang hellt et si net op enger Plaz.

© Valentina & Nicolas Stoops

Si wollte sech en Dram erfëllen a mat hire Kanner reesen, soulaang d'Kanner nach kleng sinn a si all zesummen an ee Camper passen. Genee de richtegen Zäitpunkt fir hire Wäibuttek opzeléisen a mat hirem Erspuernis op d'Rees ze goen. Keng dauerhaft Léisung, well no engem Joer, si si sech sécher, dass si dat och weiderhi wëllen maachen. Op d'mannst soulaang et hinnen an hire Kanner gutt dobäi geet.
An dofir hu si hiert Liewe quasi elo zum Beruff gemaach an dokumentéieren alles op hirem Blog

An an de soziale Medien, wéi och op hirem eegene Youtube-Kanal, fir de Leit dobaussen ze weisen, wéi et ass Vollzäit ze reesen, an dat och mat 4 Kanner am Gepäck.

© Valentina & Nicolas Stoops

Net ëmmer eng einfach Aufgab an un de Mangel u Confort huet ee sech fir d'éischt emol misse gewinnen. En plus huet missen eng Léisung fonnt ginn, fir d'Kanner ze ënnerriichten. Dofir huet d'Valentina sech ëmforméiere gelooss a mécht dat lo selwer vun ënnerwee aus. Ma den Nicolas an d'Valentina hunn awer gemierkt, wéi vill hir Kanner eleng nëmmen duerch d'Reese léieren, sief et Sproochen, Geografie oder och soss alles, wat hinnen ënnerwee begéint.