Op Initiative vun der deemoleger griichescher Kulturministesch Melina Mercouri, gouf 1985 d'Konzept vun der Europäescher Kulturhaaptstad an d'Liewe geruff. Dat mam Zil fir déi europäesch Integratioun ze stäerken an déi kulturell Vilfalt vun de Kulturen an Europa erfirzehiewen. Zanterhier ginn all Joers zwou Stied mat dësem Titel ausgezeechent; eng aus den alen EU-Staaten an eng aus deene neien. 2020 sinn et déi zwou Hafestied: Rijeka a Galway. D'Sandy Elsen mat Detailer.

09/01/2020 Europäesch Kulturhaaptstied

Rijeka, déi drëttgréisste Stad vu Kroatien, presentéiert sech kosmopolitesch, tolerant an oppe fir Kultur vun all Zort. Am 19. an 20. Jorhonnert, war Rijeka d'Haaptstad vum Transittourismus un der Adria a virun allem eng international Handels- an Industriemetropol. Déi direkt Suite vum Kroatien-Krich an de 90er Joren, waren eng schlecht Wirtschaftslag an eng staark Ofwanderung vun der kroatescher Jugend. Haut ass Rijeka, dat un der Kvarner Bucht läit, eng postindustriell Stad am Wandel zur dynamescher Kulturmetropol, déi duerchaus eppes ze bidden huet. D'Stadbild gëtt geprägt vu prächtege Gebaier, Industrie-Charme an enger jonker Zeen vu Kreativen.

De Kulturprogramm vu Rijeka steet 2020 ënnert dem Motto „Hafe vun der Vilfalt“, dat sech ëm d'Theme Waasser, Aarbecht a Migratioun gruppéiert. Méi wéi 600 Veranstaltunge vun 250 internationale Partneren, sollen dëst Joer 4 Millioune Visiteuren unzéien.

Och dat irescht Galway gouf fir 2020 zur „Europäescher Kulturhaaptstad“ ernannt.

No Dublin a Cork, ass Galway déi drëtt Stad an Irland, déi mat dësem Titel ausgezeechent gouf.

Am Laf vun deene leschten 30 Joer, huet sech déi kleng Hafestad mat hire ville faarwegen Haiser, vum verschlofene Nascht zum pulséierenden Hotspot entwéckelt. Galway gëllt als traditionell a gläichzäiteg weltoppen an ass fir seng kënschtleresch Kreativitéit a seng lieweg Atmosphär bekannt, déi virun allem bei deene ville Festivallen ze spiere sinn.

2020 soll natierlech och dee räichhaltege Programm vu Galway vill Kultur-Interesséierter aus aller Welt ulackelen. „Let the Magic in“ ass d'Leitmotiv vun der Hafestad, dat déi essentiell Iresch Themen: Sprooch, Landschaft a Migratioun erfuerscht. Zu den Héichpunkte vum Kulturprogramm gehéieren eng Liesung vum Homer senger „Odysee“ um Strand vu Galway an eng Liichtinstallatioun déi d'Schéinheet vun de Connemara Bierger feiert.

Wien dëst Joer een Trip an eng Stad plangt, awer nach kee konkret Ziel huet, dee sollt also duerchaus Galway a Rijeka am Hannerkapp behalen.

Déi offiziell Ouverture vum Kulturhaaptstadjoer gëtt a béide Stied Ugangs Februar gefeiert.