D’Bëschbrenn an Australien gi weider an Hëllef ass gefrot. Op de Sozialen Netzwierker ginn et ëmmer méi Leit déi hei fir Spendenaktiounen en Opruff maachen. Wou ee genau spende soll a wat am Sënnvollsten ass, d’Julie Mathes mam Reportage.

13/01/2020 E Koala adpotéieren, oder wéi ee soss Australien hëllefe kann

Mat all deenen Aktiounen fir ze spenden verléiert ee séier d’Iwwersiicht wat elo hei sënnvoll ass a wou ee mat sengem Don am Beschten hëllefe kann. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et do zum Beispill d’Facebook Grupp „Save Wildlife in Australia“, wou een hëllefe kann andeems ee kleng Mäntelcher oder e Stoffnascht fir d'australesch Déieren a Nout, strécke kann. D’Carine Schuler, d‘Grënnerin vun dësem Grupp, erkläert wéi een sech hei am Beschte bedeelege kann.

Carine Schuler: Wéi si an hire Facebook Grupp hëlleft

© Christophe Hochard

Eis Déierefrënn dobaussen  kënne souguer nach e Schratt méi wäit goen andeems se e klenge Koala adoptéieren. E Spidol zu Port Macquairie (1), un der Ostküst vun Australien, ass extra op Koalaen spezialiséiert a freet sech iwwer all Adoptioun. D’Sabine huet hei zum Beispill sou e klenge Koala adoptéiert.

Sabine: Wollt net just ee "Like" op Facebook setzen, mä méi maachen.

© afp

Wann een awer einfach Sue spende wëll, fir d‘ Organisatiounen op der Plaz ze ënnerstëtzen, kann een dat natierlech och maachen. Et kann een zum Beispill eng direkt Spent un den „New South Wales Rural Fire Service“ (2) maachen oder och un d’”Country Fire Authority” zu Victoria" (3). Dës Organisatioune sinn op der Plaz a si 24 Stonnen op 24 am Gaang d’Mënschen an d’Déieren hei ze retten. Si freeën sech iwwer all Spent a brauchen se virun allem fir nei Infrastrukturen erëm opzebauen a fir de Mënschen an den Déieren hei ze hëllefen.

© afp

D’Rout Kräiz an Australien setzt sech natierlech och duerfir an fir dass de Leit op der Plaz gehollef gëtt. Déi Leit, déi hiert doheem verluer hunn oder evakuéiert gi sinn, gi mat Spenden un d’Rout Kräiz ënnerstëtzt. Och wann d’lëtzebuergescht rout Kräiz hei kee Spendenopruff gemaach huet, huele si natierlech all Spent un. Et soll een hei nëmmen dobäi schreiwen, dass et fir d'Bëschbränn an Australien geduecht ass an da leede si den Don an Australien weider (4).

Nieft dëse groussen Aktioune ginn et dann nach e puer kleng Aktiounen, déi Spenden un Australien weiderginn. Mee hei soll ee sech bewosst sinn, dass wann een iwwer Facebook spent, een Deel vum Don u Facebook selwer geet.
Et ginn also verschidde Méiglechkeeten, wéi een Australien ënnerstëtze kann. An egal a wéi enger Form een sech hei un der Hëllef bedeelegt, et weist op alle Fall, dass mer a sou Zäiten all zesummen halen. An dat ass dat wat zielt.

© afp