Et ass eng psychesch Krankheet, iwwert déi dacks net geschwat gëtt. Anorexie, oder och Magersucht, ass virun allem bei jonke Meedercher eng Realitéit. Hei zu Lëtzebuerg ass d'Krankheet dacks en Tabuthema - obwuel vill Leit heivunner betraff sinn. D'Julie Mathes mam Reportage.

15/01/2020 Anorexie, eng Krankheet, iwwert déi dacks net geschwat gëtt

An eiser Gesellschaft hautesdags ass d'Ausgesinn dacks ee Sujet iwwert deen diskutéiert gëtt. Op de sozialen Medien, an d'Zeitungen oder a Filmer ass d'Thema wat schéin oder ellen ass omnipresent. Zemools jonk Meedercher vergläiche sech dacks mat bekannte Promien oder Modelen a wëllen sou schéin, dënn a sportlech ausgesinn wéi si. Dat kann da sou wäit goen, dass déi jonk Meedercher oder Jongen vill u Gewiicht verléieren an un Anorexie erkranken. Anorexie ass eng Iessstéierung, wou déi Betraffen hiren eegene Kierper aanescht gesinn. Dobäi refuséiere si ze iessen, well se Angscht hu bäizehuelen. D'Kannerpsychiaterin, Dokter Salima Aarab schafft um Kierchbierg an der Kannerpsychiatrie an ass spezialiséiert op Jugendlech mat Iessstéierungen. Si erkläert, dass dës Krankheet och hei zu Lëtzebuerg e grousse Problem ass. 

Situatioun hei zu Lëtzebuerg

D'Doktesch erkläert, dass et bei dëser Krankheet, wéi bei villen anere psychesche Krankheeten och, net nëmmen eng Ursaach gëtt. Dacks fänkt et bei engem normale Regime un a gëtt duerch den Drock vun der Gesellschaft oder souguer vun doheem verstäerkt. 

Uersprong vun der Krankheet

Anorexie gëtt bei de Jugendlecher hei haaptsächlech duerch Gespréicher mat de Betraffenen, den Elteren an anere Professionellen behandelt. Et ass eng Krankheet, déi net vun haut op muer fortgeet an och duerno nach laang bewaacht muss ginn.

De Suivi soll ëm déi 2 Joer sinn

Aner Länner, wéi Däitschland sinn, wat den Traitement duerno ugeet, de Lëtzebuerger e Schratt viraus. Hei gëtt et zum Beispill sougenannte Wunngruppen, wou Meedercher a jonk Fraen, déi un eng Iessstéierung leiden wunne kënnen an awer och reegelméisseg betreit ginn. Si hunn hei am Fong en normalen  Alldag, ginn an d'Schoul, treffe Kollegen a maachen hier Hobbyen. Donieft sinn awer Educateuren a Psychologen déi déi jonk Fraen hei betreien a si an dëser Phas begleeden. D'Doktesch wënscht sech hei zu Lëtzebuerg och méi sou Initiativen, déi d'Heelung vun der Krankheet fuerderen.

Et gëtt nach net genuch

D'Kannerpsychiatesch betount virun allem, dass d'Krankheet fréi genuch erkannt soll ginn a fréi genuch gehandelt soll ginn. D'Doktesch weist hei op kloer Warnzeechen hin, déi op dës Krankheet hiweisen.

CUT 5

Wann een sou Warnzeechen bei Kollegen oder an der Famill gesäit, soll een hei op kee Fall waarden. Natierlech muss een hei fir d'éischt déi betraffe Persoun drop uschwätzen an dat ass dacks dee schwéierste Schratt. D'Doktesch betount awer, dass et immens wichteg ass d'Anorexie fréi ze erkennen an ze handelen, sou kann een nämlech vermeiden, dass d'Krankheet chronesch gëtt.

De ganzen Interview mat der Kannerpsychiatesch:

Interview: Salima Aarab