Fir déi 9. Kéier gëtt am Kader vum "Printemps des Poètes" en Poésie-Concours fir jonk, an zanter leschtem Joer, manner jonk Talenter organiséiert. 2019 konnten nämlech fir déi éischte Kéier net nëmme Schüler aus de Lycéeën hir Gedichter eraschécken. Mee et gëtt och eng Kategorie fir Studenten an Erwuessener.

16/01/2020 Concours de Poésie - Jeune Printemps 2020

"Le Courage" - dat ass d'Thema vun dësem Joer. En Thema, dat breet gefächert ass an de Leit d'Méiglechkeet gëtt vill kënnen driwwer ze schreiwen a wou ee sech sëlwer kann erëm fannen. Jiddereen war schonn eng Kéier an enger Situatioun, wou en huet missen oder hätt wéilte Courage weisen.

D'Iddi hannert dem Concours ass d'Leit nees dozou ze begeeschtere Gedichter ze schreiwen. An hinnen an engems d'Angscht ze huelen, dass Gedichter schreiwe guer net sou schwéier ass an dass ee sech net un all déi sëlleg Reegele muss halen, déi ee vläicht soss an der Schoul bäibruecht krut.

Courage weisen dorëms geet et och, wann ee beim Concours mat mécht. Schliisslech kënnen d'Gewënner aus all Kategorie, déi den 31. Mäerz presentéiert ginn, herno beim groussen Evenement vum Printemps des Poètes an der Abtei Neimënster hir Gedichter dem Public virstellen. A kënnen zesumme mat anere bekannte Lëtzebuergeschen an Internationalen Dichter op der Bün stoen.

Jiddereen, dee wëll matmaachen, kann eng Email mat sengem Gedicht bis spéitstens den 8. Mäerz u jeuneprintemps@printemps-poetes.lu maachen. Gedichter kënnen an alle Sproochen erageschéckt ginn. Just wann se net op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch sinn, da muss eng Iwwersetzung dobäi sinn.