Schonn zanter laangem brauch een als Skifuerer net méi drop ze hoffen, dass de Schnéi vum Himmel fält. Fir de néidege Schnéi suergen och ëmmer nees honnerten vun Schnéikanounen all Joer an de Schigebitter. Mee wéi entsteet eigentlech de kënschtlechen Polver?

14/01/2020 Wéi entsteet eigentlech kënschtleche Schnéi?

Am Fong brauch ee fir kënschtlechen Schnéi nëmme Loft a Waasser. Kléngt einfach, ass et awer net. Richteg Schnéiflacken brauche nämlech vill Zäit bis se fäerdeg sinn, fir erof op de Buedem ze falen. Ganz kleng Waasserdrëpsen sammelen sech an der kaler Wollek ronderëm ee butzegt Stéck un. Dat kann zum Beispill e Stëbskär sinn. Do sammelen sech da fir d'éischt 6 der Drëpsen, a lues a lues kommen der ëmmer méi dobäi, ier d'Schnéiflack sou grouss a schwéier ass, dass se aus der Wollek fält.

Wat lo de kënschtleche Schnéi ugeet, ginn et zwou Zorten vun Schnéikanounen. Déi eng gesinn aus wéi Stroosseluten a si fixéiert op enger Plaz, déi aner sinn déi typesch Kanounen, déi een déplacéiere kann. D'Methode ass awer déi selwecht. A kierzter Zäit gëtt vill Loft hannen duerch de Probeller gezunn, doduercher entsteet eng Zort Wandkanal. Während deem gëtt  vir un der Kanoun mat vill Drock Waasser frei gelooss. De Fisem fréiert a sou entsteet de kënschtleche Schnéi.

Klengt jo alles wonnerbar, ma leider huet och de kënschtleche Schnéi, wéi sou vill Saachen, Repercussiounen op d'Natur. D'Schnéikanounen verbrauchen immens vill Energie. Fir ongeféier ee Quadratmeter mat ronn 30 Zentimeter Schnéi ze bedecken, brauch d'Maschinn ronn zwou Kilowattstonnen. Dat ass souvill wéi wa mir eemol eis Wäschmaschinn lafe loossen. Nach méi verbraucht d'Produktioun vum kënschtleche Schnéi awer Waasser, dat muss nämlech mol aus dem Dall erop an d'Bierger gepompelt ginn an dofir ginn all Joer weider Stauséien an Dämm gebaut, wou extra Waasser gespäichert gëtt.

Interessant ass dann och ze wëssen, dass kënschtleche Schnéi méi laang leie bleift, wéi richtege Schnéi. Dat well beim Fréieren, déi kënschtlech Schnéiflacken, net an der Form vun engem Kristall fréieren, ma éischter méi ronn a kompakt sinn. Doduercher schmëlzt en méi lues. Dat ass gutt fir eis Skifuerer, mee schlecht fir d'Natur. Virun allem am Fréijoer, wann nees alles ufänkt mat bléien, stoussen jonk Planzen dann éischter op eng déck Couche kënschtlechen Schnéi, amplaz op déi éischt Sonnestralen.

Iwwregens gouf d'Schnéikanoun net an de Bierger erfonnt. Ma wéi kéint et och aneschters sinn, ass déi éischt vun hirer Zort, an den 30er Joren fir en Hollywood-Film zu L.A. an den Asaz komm.