Wann op Ärem Computer nach Windows 7 leeft, da musst Dir elo eppes maachen. Well vun haut un gëtt et vu Microsoft keng Ënnerstëtzung méi fir Windows 7, a wien domat online geet setzt säi Computer, an domat och seng eegen digital Identitéit méiglechen Attacken aus.

14/01/2020 Kee Support méi fir Windows 7

Dat heescht awer net, datt Windows ënnert der Versioun 7 net méi leeft, mä datt et keng Update méi fir déi Versioun gëtt, wann iergend eng Sécherheetsproblemer géifen opdauchen. A wie mat esou engem onséchere System zum Beispill Online Banking mécht, oder online akafe geet, riskéiert, vu Cyberkriminelle geplëmmt ze ginn.

Dat bedeit och net, datt ee schonn haut riskéiert an eng Fal ze lafen, wann ee säi Windows 7 Computer haut umécht. Mä wann nei Sécherheetsproblemer opdauchen, da ginn déi net méi gefléckt, an et setzt ee sech engem Sécherheetsrisiko aus. Krimineller kënnen esou Lächer am System vun deem Dag u wou se bekannt gëtt bis an all Onendlechkeet notzen, huet de Steve Muller vu Bee Secure, der Lëtzebuerger Initiative fir d'Sensibiliséiere  vun enger sécherer Benotzung vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien am RTL Interview präziséiert.

© Microsoft

Wien ass dovu betraff?
Jiddwereen, dee Windows 7 nach op sengem Computer lafen huet. Ee Betribssystem, deen ëmmer hi scho méi ewéi 10 Joer al ass, a bei deem schonn zanter knapp 5 Joer ugekënnegt ass, datt vum 14. Januar 2020 u Schluss ass. Trotzdeem war et net jiddwerengem méiglech fir ëmzestellen. Entreprise kënnen dofir nach bis 2023 ee Support kréien, fir dee si awer bezuele mussen. Fir Privatpersounen ass dat awer keng Léisung, well dat ze deier ass, an nëmme bei Firme Sënn mécht, bei deenen d'Ëmstellung op Windows 10 nach méi deier ass.

Privatpersounen sollen deemno hire Computer op Windows 10 upgraden, fir weider Sécherheetsupdaten ze kréien. Een Upgrade dee theoretesch eppes kascht, bis op Weideres awer nach ëmmer gratis vu Microsoft verdeelt gëtt.

Et ass awer net ëmmer méiglech fir een Upgrade ze maachen.
Et ginn awer Situatiounen, an deenen de PC schonn ze al ass, an eng Windows 10 Installatioun net méi packt. Do bleift engem dann näischt anescht iwwreg ewéi een neie PC ze kafen, oder zum Beispill Linux drop ze installéieren, an deen ale Windows 7 eventuell an enger virtueller Maschinn weider ze profitéieren. Mä dat ass dann eng Léisung, bei där een technesch schonn e bëssche verséiert muss sinn.

Problematesch ass et, wann een op sengem Computer nach Programmer huet, déi ënnert Windows 10 guer net lafen, well et fir déi Programmer keng Mise à jour méi gëtt. Och do ass et da besser, een Upgrade op Windows 10 ze maachen, an da just dee Programm an enger virtueller Maschinn mat Windows 7 lafen ze loossen.

Virum Upgrade muss een awer och oppassen, ob all d'Apparater, wéi Imprimante, Scanner an esou weider och Windows 10 kompatibel sinn, soss kann et sinn, datt déi net méi funktionéieren.

Wie säi Windows 7 Computer guer net vernetzt huet, an och net um Internet domat ass, dee ka weider domat schaffe wéi gewinnt (et sief dann, et géif een en infizéierten USB-Stick dorun uschléissen).

© Microsoft

An duerno?
Wann een dann en Upgrade op Windows 10 gemaach huet, da gëllt reegelméisseg Update maachen, net just vu Windows, mä och vun den installéierte Programmer. A wann Leit déi Mac oder Linux asetzen net dovu betraff sinn, datt d'Ära vu Windows 7 eriwwer ass, gëllt och fir si reegelméisseg ze updaten, fir ee séchere System ze hunn, deen net esou liicht gehackt ka ginn.

A wann Dir net wësst, wéi eng Windows Versioun bei Iech installéiert ass: Einfach op de Startknäppchen klicken, winver tippen an Enter drécken. Da weist Windows Iech, mat wéi enger Versiounsnummer et op Ärem PC installéiert ass.