Nohalteg sinn, nohalteg liewen ass "Trend". En Zuch, wou den Ament bal jiddereen wëll opsprangen. An dat aus guddem Grond. Ma et ginn awer och Associatiounen, déi dat scho zanter Joren am Alldag ëmsetzen an fir déi ass Nohaltegkeet net nëmmen en neien Trendbegrëff.

Wann et drëm geet ëmweltbewosst ze schaffen an e Virbild a Saachen Nohaltegkeet ze sinn, da spillen d'Jugendherbergen hei am Land eng wichteg Roll. Schonn zanter Joren probéieren si hire Betrib nohalteg ze féieren.
Sief et duerch Solarpanelen um Daach, déi hëllefen sollen, ëmweltfrëndlechen Stroum ze produzéieren oder duerch eng plastikfräi Kantinn.
Mee och Biodiversitéit leit hinnen um Häerz a sou hale si an de Jugendherbergen zu Esch an an der Stad Beienkolonien um Daach. Domadder bréngen se d'Beien nees an d'Stad an produzéieren doduercher och hiren eegenen Hunneg.

© Luxembourg Youth Hostels

Och an der Jugendherberg zu Huelmes gouf d'läscht Joer en neien an eenzegaartegen Projet lancéiert, wat d'Ewechgeheien an d'Verschwenden vun Liewensmëttel ugeet. All déi Menuen, déi mëttes net verkaf ginn, ginn an ëmweltfrëndlech Verpackungen verpake an an en Frigo am Duerf niewendru gesat, wou jidderee sech fir een eenheetlechen Präis vun 3 Euro kann zerwéieren.

© Luxembourg Youth Hostels

D'Jugendherbergen si scho laang keng Plazen méi, wou ee just higeet fir ze schlofen, mee sollen och eng Plaz schafen, wou d'Leit sech kënnen austauschen. Ob Tourist oder net. Schliisslech ka jiddereen mëttes bei si an d'Kantinn iesse goen an och fir Schoulklassen a Sportsclibb offréieren d'Jugendherbergen flott Aktivitéiten.