Kënnt der iech nach un d'Emissioun "Tutti Frutti" um däitschen RTL erënneren? Wat deemools wéinst den Dammen déi net vill unhaten scho bal e Skandal war, dat géif hautdesdaags scho bal kee méi opreegen. Déi Emissioun aus de 90er Joren feiert 30ste Gebuertsdag.

21/01/2020 30 Joer Tutti Frutti 08h40

Den däitsche Privatsender RTLplus hat deemools grad emol 6 Joer an huet den 21. Januar 1990 déi éischte Striptease-Show an Däitschland op de Tëlee gewisen.

Dat ganzt gouf gespillt nom italienesche Virbild "Colpo Grosso", " De Grousse Coup". Do goufen et Lännerpunkten, grad wéi och den Tutti-Frutti-Ballet Cin Cin. Dat waren Dänzerinnen déi net vill unhaten a verschidde Fruuchtsymboler op der Broscht pechen haten, e puer vun hinne ware schonn am Playboy.

Moderéiert gouf dat ganzt vum Hugo Egon Balder. Hie sot deem ools: déi eng Leit maachen intelligent Aarbecht, ech maachen Tutti Frutti.

D'Spillregelen waren déi hei: all Kandidat huet missen ënner 7 Modellen eent erauswielen, dat de Numm an d'Faarf vun de Friichten hat.

Am ganze sinn 143 Folge gelaf. bis den 21. Februar 1993. Fir d'éischt sonndes, du samschdes an du méi spéit och mol freides, am Owesprogramm natierlech.
D'Modellen hu missen danzen an hunn op Kommando vum Balder de Soutien opgemaach. Punkten goufen et, wann ee Froen richteg beäntwert huet. Net 1, 2 oder 10 Punkten, mä 10 000. Dat hänkt domadder zesummen, well et am Original Liren waren. Pro 50 000 Punkten goufen et 1000 Däitsch Mark an ee Lännerpunkt. Fir all Lännerpunkt huet eng Damm gestript. Wann elo mol e Kandidat net esou gutt geroden huet, konnt en der awer nach kréien, wann e selwer gestrippt huet.

Am Ufank hu 4 Milliounen Leit déi Sendung gekuckt, herno waren et der ëmmerhin nach 1,5 Milliounen.

Den Hugo Egon Balder huet bis haut net verstan, firwat déi Sendung deemools esou e Riiseskandal war. An engem bëllege Studio an engem Industriegebitt bei Mailand wier Tutti Frutti gedréit ginn. Ëmmer 5 Sendungen um Stéck. Et wier schrecklech gewiescht. Mä Haaptsaach d'Leit hätte sech ameséiert, dat seet de Balder haut.

2016 ass esouguer eng Neioplo vun Tutti Frutti op RTL Nitro gelaf, moderéiert vum Jörg Dräger. Déi leeft haut awer net méi.