Dat lescht Joer hu mir de 50. Gebuertsdag vun der éischter Moundlandung gefeiert, den 21. Juli 1969. Den Neil Armstrong war deen 1. Mënsch, dee säi Fouss op den natierlechen Äerdtrabant huet dierfte setzen. 19 Minutte méi spéit dunn de Buzz Aldrin a genee dee koum den 20. Januar 1930 op d'Welt a feiert haut seng 90 Joer, Marie Gales!

20/01/2020 Happy Birthday Buzz Aldrin!

Nummer 2 ze sinn, ass bestëmmt net easy! Obwuel den Edwin Eugene Aldrin Jr. mam ganzen Numm, ass ee vun 12 Mënschen, déi um Mound waren, dat ass jo awer net näischt. Et gëtt awer gerätselt ob dat ''Net den éischte'' gewiescht ze sinn, schold u sengen Depressiounen an Alkoholismus war. Ma hie koum aus dem Lach eraus an haut weist hie sech nees an der Ëffentlechkeet, wéi zum Beispill och de leschte Summer och zu Lëtzebuerg, op Invitatioun vun der amerikanescher Ambassade an huet erzielt wat e geduecht wéi en deemools um Mound gelant ass.

Et ass och virun allem de Buzz Aldrin,  deen een op de meeschte Fotoe vun der éischter Moundlandung gesäit. Well den Neil Armstrong hat d'Missioun fir d'Fotoen ze maachen. Et war dem Aldrin säi berufflechen Héichpunkt fir op de Mound ze fléien an huet dat agesinn wat fir eng Leeschtung dat war.

Den Aldrin steet dann och ëmmer nees gären zur Verfügung wann iwwer d'Fléien an den All diskutéiert gëtt, wéi iwwert de Weltraumtourismus an der Zukunft vun der amerikanescher Loft- a Raumfahrtindustrie.

Den Aldrin hat Maschinnebau un der Militärakademie West Point studéiert a goung duerno zur Air Force. 1963 koum hien zum NASA-Mound-Programm; no der Moundlandung ass et fir hien net méi sou richteg weidergaange bei der NASA a goung 1971 senger Wee fir eng Raumschëff-, Fuerschungs- an Design-Entreprise ze grënnen. Duerno huet hie bei enger Ueleggesellschaft geschafft a fir eng Rei Autosmarken.

1978 koum de fréieren Astronaut vum Alkohol lass an huet entretemps eng 5 Bicher geschriwwen, och eng Autobiografie mam Titel „Return to Earth“. Hie sot, de schwéiersten Deel vu sengem Liewen war et net fir op de Mound ze fléien, mä deem entgéint ze trieden, wat ee beim Retour géif erwaarden.

© nasa.gov

Kaum ze gleewen, virun 10 Joer hat sech de Buzz Aldrin dunn enger ganz anerer Erausfuerderung gestallt, dem Danzen an zwar bei der amerikanescher Televisiouns-Show „Dancing with the Stars''. D'Cha-Cha-Cha-Schrëtt wiere méi schwéier gewiescht wéi elo d'Schrëtt um Mound.

An hie ass och den eelste Mënsch, deen je de Südpol erreecht huet,  2016 war den Aldrin op der Amundsen-Scott-Südpolstatioun an der Antarktis.

Alles Guddes fir den 90.!