Den 16. Oktober 1984 verschwënnt dee klenge Grégory Villemin, grad emol 4 Joer al, virum Haus vu sengen Elteren zu Lépanges-sur-Vologne an de Vogesen. Véier Stonne méi spéit gëtt seng Läich aus der Vologne gezunn. Seng Hänn a seng Féiss si gefesselt an iwwer de Kapp huet hien eng Mutz gezunn. De klenge Bouf ass erdronk, ëmbruecht ginn. E schreckleche Crime, dee bis haut net opgekläert ginn ass an deen eng ganz Rei un trageschen Evenementer no sech gezunn huet. Netflix huet d'Affaire elo an enger Serie nei opgerullt. Christiane Kremer

16/01/2020 Affaire Grégory

Net méi spéit wéi haut, soll e Cassatiouns-Geriicht zu Paräis nach tranchéieren, ob d'Aussoen vum deemools 15 Joer ale Muriel Bolle, eleng an ouni Assistenz, musse geläscht ginn, oder net! "L'affaire Grégory" ass den Ament op Netflix ze gesinn, eng Affaire, déi een net roueg léisst.