Elo wou d'Joer eriwwer ass, wier et mol eng Kéier interessant ze kucken, wéi eng Filmer am meeschten 2019 gekuckt goufen, wéi eng Musek 2019 gelauschtert gouf oder och nach wéi ee Schockela sech am dackste weltwäit verkaaft huet. De Kevin Kayser aus eiser Online-Redaktioun, deen elo och bei eis am Studio ass, verschaaft eis do mol e kléngen Iwwerbléck.

17/01/2020 rtl.lu

2019 hu mer hannert eis an hei gouf et vill z kucken, lauschteren a schmaachen.

Bei de Filmer ass, eleng wat d'Suen ugeet, déi erakoumen, absolut näischt laanscht den Avengers: Endgame komm. Esouguer de Rekord vun Avatar konnt de Marvel-Film knacken.

Musikalesch war et d'Joer vum Billie Eilish säin Album "when we all fall asleep, where do we go?" ass ganzer 2,5 Millioune Mol verkaf ginn.

A puncto Schockela dann koum näischt laanscht Mars incoporated. Hir Produiten, wéi Mars, Twix oder Snikers, ware 2019 net ze klappen.