Verspriechen mat Hanf. Wat stécht hanner CBD-Produkter? Wat kann de Cannabis-Wierkstoff deen net high mécht, deen een ouni Rezept vum Dokter fräi ka kafen, an deem villerlee Wierkunge zougesprach ginn?

22/01/2020 CBD-produiten boomen

Fir d'éischt déi kleng Explikatioun wat CBD iwwerhaapt ass?

CBD an THC sinn zwee ënnerschiddlech Stoffer déi aus der Cannabis-Planz gewonne ginn. Den THC dee fir de sougenannten Rauschzoustand bekannt ass... an den CBD deen als Medezin verwent gëtt. Wann den THC kann ofhängeg maachen, CBD huet kee Suchteffekt, sou de Psychiater Kurosch Yazdi vun der Kepler Uni zu Linz.

CBD-Produkter boomen aktuell. Et dauchen jo och hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi CBD-Shopen op. Wou kënnt dee Boom hir? Den Gerd Glaeske, Arzneimëttel-Expert vun der Uni Bremen

22/01/2020 cbd - hype

En Hype mat CBD an alle Formen, vun den Drëppsen an dem Ueleg iwwer Kichelchen bis bei Knätsch, Gummibäerecher. Hanf an alle Formen gëtt et, fir net grad bëllegt Geld ze kafen. Wat seet den Medikamenten-Expert Gerd Glaeske zu der Wierkung vun CBD-Produkter? Wéi wierke se, a wéi enge Fäll gi se geholl?

22/01/2020 cbd - wierkung

An CBD-Produkter déi musse verschriwwe ginn ass also méi en héijen THC-Gehalt... wat d'Wierkung erop setzt. Dofir d'Fro: Placebo-Effekt bei deene Saachen déi fräi verkaaft ginn? Den Expert seet, et gi Leit déi ganz positiv op dës Produiten reagéieren an déi drop schwieren. De Beweis, dass et näischt bréngt, oder dass et eppes bréngt existéiert also net

22/01/2020 cbd - placebo

Lo gëtt et natierlech déi ënnerschiddlechst Produiten. Wichteg Fro dowéinst. Wéi erkennen ech en anstännege Produit? Bei all deene Saachen déi elo mat deem neie Boom op de Maart komm sinn sollt een oppassen, seet de Professer Glaeske

22/01/2020 cbd - serieux produiten

Wat CBD tatsächlech fir d'Gesondheet leeschte kann, ass nach onkloer. Et ginn zwar Hiweiser, dass Wéi an Entzündungen kënnen ofhuelen an d'Psyche berouegt gëtt, sou d'Verbraucherzentralen-Expert Wiebke Franz, genuch klinesch Etuden fir dat sécher ze soen ginn et awer net. Grad esou wéi nach weider Froen zum Dosage, der Sécherheet an Niewen-a Wiesselwierkungen net gekläert sinn.