'An apple a day keeps the doctor away', soen se mol! Also en Apel ass gesond. Wéi gesond, dat huet d'Dieteticienne Lynda Vandivinit dem Marie Gales erzielt.

20/01/2020 Nährstoffer: Apel

Wat ass dat Uebst, dat am meeschten op der Welt giess gëtt? Richteg Äppel an dat schonns immens laang, tëscht 7000-8000 Zorten kann een haut wielen an all si se gesond.

Réi oder gekacht kann een den Apel iessen. Den Apel huet et gär wann et kill ass, do hält e sech gutt an et ass egal wat fir en Apel een ësst, all Zort ass gesond. Un Iech ze decidéiere wat fir een Iech am beschte schmaacht.