D'Thema "Elektro-Mobilitéit" ass esou aktuell wéi nach ni. Iwwert dat Thema kritt ee vill Informatiounen an et ass net ëmmer sou einfach fir sech an all deenen zeréckzefannen, respektiv ze wëssen wat een do gleewe soll.

22/01/2020 Faktencheck E-Mobility 09h15

Virun allem huet sech d'Offer an de leschte Joer geännert, mä een Elektro-Auto fir all Mënsch gëtt et haut nach net.

Et ass nach och nach ëmmer am effikassten, fir säin Auto iwwert d'Nuecht ze lueden. Dat mécht d'Reese mam Elektro-Auto awer nach ëmmer komplizéiert.

Doriwwer eraus sinn d'Consommateureun nach net gutt informéiert, an den Thema Ëmwelt dierf och bei E-Autoen net ignoréiert ginn.

Ee positiven Effekt ass awer de Kaméidi, well een Elektro-Auto, nieft de Geräischer déi duerch d'Rullen entstinn, bal net ze héieren ass. A Saachen Elektro-mobilitéit si mir eréischt um Ufank vun enger Entwécklung.

De ganzen Interview (10 Minutten) mam Antonio da Palma:

Interview Antonio da Palma (ACL)