Awer net zu egal wéi enger Dageszäit, mä moies. An op de réie Mo. D'Staren schwieren op alle Fall drop.

14/10/2019 Een Zellerie-Jus w.e.g !

D'Kim Kardashian drénkt de grénge Jus, fir eng Hautkrankheet lass ze ginn, de Sylvester Stallone fir sengem Kierper erëm Energie ze ginn, an och Topmodellen kënnen net méi ouni hire Wonner-Drink. Op de soziale Netzwierker gëtt den Zellerie-Jus als Mëttel géint bal alles gelueft: e soll gutt si géint Falen, Eessen, Kränkten vun der Schilddrüs, Asthma an esouguer Kriibs.

Ugefaangen huet alles mam Amerikaner Antony William: dee behaapt, a Kontakt mat der spiritueller Welt ze stoen, a Krankheeten heelen ze kënnen. Hie propagéiert eng Ernärung mat vill frëschem Uebst a Geméis, vu Soja, Mais, Zocker, Raps-Uelech a Gluten ass en alles anescht ewéi begeeschtert. Vum William kënnt dann och d'Consigne all Moien ronn 470 ml frëschen Zellerie-Jus ze drénken.

Ob een elo dru gleeft oder net: d'Flëssegkeet moies ass schonn emol gutt fir der Dehydratioun vum Kierper entgéint ze wierken. Dobäi kënnt nach e gudden Undeel un Mineralstoffer (ewéi Kalium a Magnesium), äthereschen Uelecher, Kalzium an Antioxidantien. Och mat Vitaminnen kann de gréngen Zellerie punkten: A,C,D a B- alles dran. D'Antioxidantien wierken ewéi e natierleche Schutz géint UV-Stralen; Kalium, Kalzium an Eisen suergen fir schéin Hoer a Neel. De Beta-Carotin hëlleft eisen Zellen sech ze wieren an den Immunsystem gëtt gestäerkt.

Ballaststoffer fëllen de Mo a sollen verhënneren, dass ee permanent hongereg ass. Nach dobäi soll den Zellerie-Jus entwässeren. Mä et heescht oppassen: och d'Verdauung gëtt ugekuerbelt. Dat kann am Ufank zu desagréabelen Konsequenzen féieren, ewéi Duerchfall oder sech opgelaf spieren.