Fir erauszefannen, dass mer alleguer anescht sinn an och anescht ausgesinn, brauch ee just ronderëm sech ze kucken. An awer probéiere mer enger gewësser Norm z'entspriechen. An dat besonnesch bei eisem Kierper. Dëse Samschdeg gëtt et dofir ee "Bodypositivy Workshop". D'Julie Dupont huet mat der Organisatrice Mady Lutgen doriwwer geschwat.

21/01/2020 Bodypositivity a Selflove Workshop

Virun 2 Joer huet d'Mady Lutgen decidéiert säin eegenen Online-Magazin ze starten. Do dréint sech alles ëm Lifestyle an eisem Ländchen an och sech wuel ze spieren. D'Mady Lutgen ass also net onbekannt a Saache Bodypositivity, mee wéi kënnt een dann drop fir esou ee Workshop z'organiséieren?
ML: D'Iddi ass komm wéi ech ugefaangen hunn dem Sandra Wurster seng Posts op Instagram ze kucken, an dat virun +- 6 Méint. Hatt huet een enormt Wëssen punkto Self-Love, also sech selwer gären hunn, an Bodypositivity. Hatt huet och ee Buch doriwwer geschriwwen, a Studien an dem Beräich gemaach, méi genee Körpertherapie. An ech hunn hatt immens inspiréierent fonnt, an mer op senger Internetsäit méi iwwert des Workshopen ugekuckt. Ech hu fonnt, dass dat ganz gutt géif passen, an hei zu Lëtzebuerg hunn ech och nach näischt esou fonnt. Dofir wollt ech och e bëssen dann dat Éischt sinn wou dat mécht.

Wat gëtt dann eigentlech esou gemaach an dem Workshop, well et ass nawell een zimlech gutt gefëllte Programm?
ML: De Workshop dauert ongeféier vun 12h00 bis 16h00. Als éischt wäert d'Sandra Wurster emol ee klengen Talk halen doriwwer, firwat mer eis esou schwéier dinn, eis esou z'acceptéiere wéi mer ebe sinn. AN duerno wäert eng Zort Danz sinn, wou et dorëms geet sech fräi ze beweegen, a sech a sengem eegene Kierper wuelzespieren. Ganz egal wéi mer ausgesinn, egal op grouss, kleng, déck oder dënn. Dat ass elo kee mega sportlechen an ustrengenden Danz, mee wéi gesot, einfach fir sech ze beweegen an dat ganz bewosst.

 

© Sandra Wurster

 
D'Sandra Wurster  
 

© Anne Lommel

D'Mady Lutgen

Nom Danz geet et awer dann nach weider mat Meditatiounen a klengen Tuyauen, fir dat mat der Selbstléift och am Alldag ze trainéieren. Mee zum Schluss vum Workshop, ass den Dag awer nach net ganz eriwwer?
ML: Duerno gëtt et nach een "After-Workshop". Do kann da jidderee ganz gäre kommen, an zum Beispill eppes zesummen drénken. Mir hunn awer och Stänn, wou een sech ka schminke loossen, oder masséiere loossen. Also nach eng ganz Partie Saachen.

De Workshop, kéint ee soen, ass eigentlech net fir de Kierper, mee virun allem fir de Kapp?
ML: Genee, well am Kapp fänkt et un. Wann een dat Gefill bis huet, dass een am renge mat sech selwer ass, an och ufänkt sech selwer gär ze hunn, dann huet een och duerno ee ganz anert Kierpergefill, an dann ass automatesch déi Bodypositivity do.

A wat sinn d'Critère fir matzemaachen?
ML: Der ginn et eigentlech keng. Bis elo hunn zwar éischter just Frae beim Sandra Wurster senge Workshope matgemaach, well hatt als Fra vläicht och éischter aner Fraen usprécht, mee dat heescht awer op kee Fall, dass Männer net dierfe kommen. Also Männer dir sidd och ganz wëllkomm!

Wou genee leeft de Workshop dann of?
ML: Ma dat ass am Hotel Dahm zu Ierpeldéng, also am Norden. Den Hotel Dahm läit nämlech schéin am Gréngen, an dat huet do einfach super gepasst.

Wéini sollen oder kënnen d'Leit dann ukomme fir de Workshop?
ML: Majo ab hallwer 11 kann ee scho komme fir de Brunch, dee gëtt och einfach iwwert den Site gebucht. Et ginn Ticketen fir de Workshop eemol mat an eemol ouni Brunch. Duerno, den eigentleche Workshop fänkt dann um 12 Auer un.
Brauch ee soss nach eppes bestëmmtes: Majo ganz wichteg: Kleeder an deenen ee sech gutt spiert, an déi bequem sinn, well mer eis jo och e bësse beweegen. An eng Yoga-Matt oder eng Decken, well mer eis während der Meditatioun och op de Buedem leeën.

 Wann der Iech fir de Workshop wëllt umellen, da kënnt der dat iwwert den Internetsite www.madi.lu maachen. Am Agenda vum Site fann der dann direkt de Link fir Iech anzeschreiwen.