Wien aus dem Haus geet, dee kuckt meeschtens op e säi Portemonnaie derbäi huet a ganz wichteg: den Handy! Wann een den Handy net derbäi huet, da fille vill Leit sech plakeg.

23/01/2020 Handysucht 07h20

Et kann esouwäit goen, dass ee vun enger Handysucht schwätzt. Mir kucken Mailen, benotze Whatsapp, maache Fotoen, spillen um Handy an: mir telefonéieren dann och domadder.

Wien handysüchteg ass, dee ka sech net méi sou gutt konzentréieren oder ass liicht ze reizen. D'Fro iwwert Handysucht ass net einfach ze beäntweren. Et muss een hei ënnerscheeden tëscht produktiven an onproduktiven Aktivitéiten. Et misst een op d'Inhalter kucken. Wann een e Mail schreift oder telefonéiert, dann ass dat kee Problem, virun allem wann dat mat der Aarbecht ze dinn huet. Wann ee selwer elo d'Gefill huet, ze vill Zäit mat Inhalt ouni Sënn ze verbréngen, dann ass dat schonn en éischt Alarmzeechen. Wéi ass et dann zum Beispill bei iech mat Instagram? Hutt der den Androck dass der domadder ze vill Zäit verbréngt?

Ee weidert Alarmzeechen ass, wann ee versicht d'Dauer vum Smartphonenotzen ze reduzéieren, engem dat awer net geléngt. Oder Frënn a Famill maachen een drop opmierksam, dass een ze vill um Handy hänkt. Och wann een ouni den Handy net méi kann aschlofen, da gëtt et Zäit fir eppes dogéint ze maachen.

Den Handy soll d'Liewen beräicheren, awer net bestëmmen soen Experten. Appen um Handy weisen engem, wéi vill Zäit een dorop verbréngt. Wann een elo mierkt, dass een domadder net wäit kënnt, gëtt et dann och nach dee radikale Wee: d'App einfach läschen.