D'Joer ass a punkto nei Musek nach net sou richteg am gaangen, obwuel de leschte Weekend e gewëssenen Eminem fir eng grouss Iwwerraschung gesuergt hat. De Rapper huet, ouni dat grouss unzekënnegen, säin 11. Studioalbum 'Music To Be Murdered By' erausbruecht. Dëse Weekend dierften d'Iwwerraschungen ausbleiwen, abee et weess een ni.

24/01/2020 Nei Musek fir de Weekend

De 14. Album vun de Pet Shop Boys ass zum Beispill keng Iwwerraschung, dee war laang am viraus ugekënnegt. 10 Lidder sinn op Hotspot drop, dorënner och d'Single Dreamland déi zesumme mat Years & Years opgeholl ginn ass. Hotspot ass quasi ganz zu Berlin an den Hansa Studios entstanen, bis op d'Lidd Burning The Heather, a soll den 3. a leschten Deel vun der Zesummenaarbecht mam Stuart Price sinn, dee scho fir d'Madonna, d'Gwen Stefani an The Killers geschafft huet.

2. nei Propos fir dëse Weekend geet op de Kont vun der jonker Sängerin Gabrielle Aplin. Bei der Stëmm hält d'Talent vum Gabrielle awer net op, d'Gittar an de Piano beherrscht d'Brittin och. Dear Happy ass den 3. Album vun dëser Artistin déi sech ganzer 5 Joer Zäit fir dës Plack gelooss huet. Bekannt gouf d'Gabrielle Aplin iwwregens duerch Youtube, do hat alles mat akustesche Coverversiounen ugefaangen. Léiwen Indie Folk, Rock, Synthie Pop.

Viru ronn 3 Joer gouf et eng ganz agreabel musikalesch Einlag aus Israel. Mat hirem Debutalbum Remember Roses a virun allem der Single Whishing Girl, huet d'Grupp Lola Marsh deemools op der ganzer Linn iwwerzeegt. 3 Joer méi spéit woe sech de Gil an d'Yael un den 2., meeschtens de schwéieren, Album Someday Tomorrow Maybe. Tëscht deene 2 Albume ware Lola Marsh awer net onproduktiv, sou hu se zum Beispill fir d'Serie Better Call Saul d'Lidd Something Stupid gecovert. Wien eppes mat Indie, oder Dream Pop unzefänke weess, ass bei Lola Marsh sécherlech net falsch.