Haut kënnt deen neien Guide Michelin a Frankräich eraus. Mat Spannung gëtt deen erwaart well sech wéi all Joer d'Fro stellt: Wie kritt e Stär, respektiv: wie verléiert een?

27/01/2020 Guide Michelin: Erfolleg a Polemik 08h40

D'Stroossen am Joer 1900 waren an engem schlechten Zoustand, keng gutt Beschëlderung an Trajeten deelweis laang. 3000 Automobiliste sinn a Frankräich ënnerwee. Den André an den Edouard Michelin wollten de Leit déi reesen d'Liewen méi einfach maachen. Esou koum dann eng Lëscht eraus mat Garagisten an Dokteren. Op Stroossekaarten waren touristesch Informatiounen ze gesinn. Déi éischt Editioun hat 35.000 Exemplairen.

Zanter 1920 muss ee fir de Guide Michelin bezuelen. Et gëtt gesot, den André Michelin hätt et net verkraft, dass e Garagist de Guide geholl hätt fir d'Féiss vu senger Wierkbänk ze kalléieren. Zanterhier kascht e 7 Frang.

An deem Joer verschwannen och d'Publicitéiten aus dem Guide a Restauranten an Hoteller kommen amplaz. 1926 ass deen éischte Stäre-Restaurant dran, 1931 koum dann 2 an 3-Stäre-Restauranten derbäi.

Haut kënnt dann de Guide Michelin fir Frankräich eraus. Bei de Käch gëtt deen nach ëmmer mat Spannung erwaart.

Am aktuelle Guide ass och Publicitéit ze fannen. Awer natierlech net vu Restauranten. Säit 1933 sinn Inspekter ënnerwee fir Restauranten ze testen. "Une très bonne table" gëtt et laut Guide Michelin bei Restauranten mat engem Stär. Déi mat 2 sinn en Ëmwee wäert an déi mat 3 eng Rees.

De Restaurant vum verstuerwene Kach vum Joerhonnert Paul Bocuse huet keng 3 Stäre méi, elo der nach 2. D'Qualitéit vun deem Etablissement wier zwar dem Guide Michelin no nach ëmmer exzellent, awer net méi op engem 3-Stäre-Niveau

Hei zu Lëtzebuerg hu mer 8 Restauranten mat engem Stär, ee mat 2 a kee mat 3. Dee noosten franséischen 3-Stäre-Restaurant ass zu Reims, iwwer 200 km vun hei ewech.