1957 hat d'Ex-Sowjetunioun mam Sputnik den éischte Satellit an d'Ëmlafbunn geschéckt. Enn September zejoert goufe méi wéi 2.200 Satellitten an der Ëmlafbunn gezielt. An Zukunft geet den Trend weider an d'Luucht, woubäi eng Natioun Milliarden an nei Technologien investéiert. Allerdéngs gëtt et e grousse Nodeel bei der ganzer Saach, Max Kerschen.

27/01/2020 Ze vill Satellitten an der Ëmlafbunn

Bal d'Halschent vun de Satellitten gehéieren den USA. Dobäi géinge schonn eleng 4 Satellitten an enger méi héijer Ëmlafbunn duergoen fir dass een iwwerall op der Welt kéint Internet hunn. Vill Astronome warnen awer virun e sou enger héijer Unzuel vu Satellitten, well déi den Himmel an der Nuecht verschmotzen. Et wier da vill méi schwéier fir an Zukunft nach Stärebiller ze erkennen, sou den Hobby Astronom Nicky Feierstein.

Allerdéngs geet d'Zuel vun den Satellitten och an Zukunft weider an d'Luucht. Fir säi Starlink-Projet déi entleeënst Regiounen op der Welt mat engem séieren Internet versuergen, wëll de Milliardär Elon Musk mat senger Firma SpaceX eng ronn 12.000 Satellitten an den Orbit schéissen. Fir d'Astronomen ass säi Plang net grad vu Virdeel.

Och wa vill Satellitte mam bloussen A net ze erkenne sinn, kënnen se déi grouss Teleskopen empfindlech stéieren. Dobäi stellen d'Luucht an d'Radiosfrequenzen déi gréisste Problemer duer. Eng aner grouss Gefor ass de Weltraumschrott. Déi europäesch Weltraumorganisatioun ESA geet den Ament vu ronn 935.000 Objeten aus, déi ronderëm d'Äerd fléien. Sou e Géigestand ass an der Reegel mat 28.000 Kilometer an der Stonn ënnerwee. Soumat kënne scho kleng Deeler grousse Schued uriichten.

Bleift ofzewaarden ob an Zukunft da wierklech esou vill Satellitten an den All geschéckt gi wéi ugekënnegt. Kloer ass awer, datt et fir d'Entreprisen e lukratiivt Geschäft ass. Am Endeffekt ass et awer den Nuetshimmel mat senge ganze Facetten, deen dorënner ze leiden huet.