Nohaltegkeet läit jo voll am Trend. An e bësse méi bewosst anzekafen a mat verschiddene Saachen ëmzegoen, ass jo och beileiwe kee schlechten Trend. D'Nohaltegkeet gëtt och bei de Spillsaache fir Kanner ëmmer méi groussgeschriwwen. Dat weist och d'Nürnberger Spielwarenmesse, déi elo vum 29 Januar bis den 2. Februar ass. Ma awer net nëmmen do, Julie Dupont

27/01/2020 Nohaltegkeet bei de Spillsaachen gëtt ëmmer méi wichteg

D'"Nürnberger Spielwarenmesse" ass dëst Joer ganz am Zeeche vun der Nohaltegkeet. Mam Motto "Toys for Future", eng Uspillung un d'Beweegung "Fridays for Future", sollen ökologesch Materialien an nohalteg Iddien no vir bruecht ginn. Vue, dass des Foire déi weltwäit gréissten ass fir Spillsaachen, ass se sécher déi richteg Plaz fir d'Thema un d'Rullen ze bréngen.
Och wann de Plastik net esou séier kann ersat ginn bei Spillsaachen, kuckt een awer, fir ëmzedenken. Esou wëll Lego bis 2030 seng Bausteng a Verpackunge mat engem Konschtstoff produzéieren, deen duerch Zockerrouer gewonne gëtt.
 
Esouguer de Spillsaache Produzente Haba, deen nach 1938 Spillsaachen zu 100% aus Holz produzéiert huet, kënnt haut net méi ganz ouni Plastik aus. Dofir ass hire Plastik awer biologesch an aus Holzspéin, Mais oder natierlechen Haarzen. Wat bei biologeschem Plastik just net dierf vergiess ginn, ass d'Sécherheet fir déi Kleng. 
 
Ma och hei zu Lëtzebuerg, gëtt ëmmer méi an der Nohaltegkeet gemaach. Do gëtt et zum Beispill eng Initiativ, wou ee Spillsaache ka fir e Mount ausléinen. Déi heescht KidsBox a soll hëllefen, de Kanner ëmmer erëm nei a qualitativ Spillsaachen ze bidden. Awer ouni des ëmmer nees nei mussen ze kafen.

Dominique: On achète, on stocke, on jette, on accumule [les jouets]. Et ici, c'est vraiment une économie de partage, d'utilisation, et puis on remet [les jouets] dans un nouveau cercle de vie. 

No engem Mount schéckt ee seng "Box" dann erëm zeréck bei d'Dominique, wou d'Spillsaachen an d'Spillgezei da gewäsch a kontrolléiert ginn.

Dominique: Ils reviennent, ont les vérifient et on les nettoie. Pour les costumes, on les lavent bien évidemment, et les jouets, qui sont principalement des jouets en bois sont nettoié avec des produits écologiques.

Ma och de Second-Hand fänkt un zu lues ëmmer besser Fouss ze faassen. An dat och bei de Kannersaachen. Amplaz Spillgezei ewech ze geheien, tauscht een et, oder verkeeft et fir ee klenge Präis. Sou zum Beispill an de Facebookgruppen "Spillsaachen Second Hand" oder "Kids Secondhand".