Eng rezent Etüd zum Thema Kleeder wäsche seet, dass ee fir d'Ëmwelt a fir d'Faarwen ze schounen seng Maschinn esou kal a sou kuerz wéi méiglech sollt astellen.

27/01/2020 Greng Minutten

Dräi mol gewäsch a schonn ass et nach just gutt fir op den Tipp. Där Kleeder déi séier Faarf a Form verléiere ginn et der genuch. Mam richtege Programm an der Wäschmaschinn kann een deem awer op d'mannst e bësse géigesteieren, soe Fuerscher.

Bei méi kuerze Programmen a méi niddregen Temperaturen gi manner Mikrofaser fräigesat, déi mam Ofwaasser an d'Ëmwelt fléissen. Dat hunn Experimenter gewisen. Esou ginn d'Kleeder manner séier bleech an et léisst sech Energie spueren.

Synthetesch Mikrofaser, déi bei all Wäsch fräigesat ginn, maache méi wéi en Drëttel vun der ganzer Plastiksmatière aus deen an de Mierer lant, sou de Chef vun der Etüd Wäschen an Textilien Richard Blackburn vun der Uni Leeds. D'Ëmwelt géing ëmmer méi ënner de bëllege Fatzen déi et a sou ville Buttiker ze kafe ginn, leiden.

Wéi stellt een seng Wäschmaschinn, de Fuerscher no, dann am beschten an?

Experimenter hu gewisen, dass T-Shirten nodeems de 16 mol an d'Maschinn gehäit goufen, bei 85 Minutten mat 40 ° méi wéi duebel sou vill Faarf verluer hu wéi bei 16 Kuerzwäschen à 30 Minutten bei 25 °, sou steet et ze liesen an der Fachzäitschrëft 'Dyes and Pigments'.

Fir dat weider ze illustréieren. Bei der éischte Kéier wou en donkelt Kleedungsstéck bei 40 ° am 85-Minutte-Programm gewäsch gouf, hunn de Fuerscher Blackburn a seng Kolleegen bal 140 Milligramm Mikrofaser op de Kilo dréche Wäsch fonnt. Bei kale Kurzprogrammen (25 °, 30 Minutten) waren et bal 40 Milligramm manner. D'Fuerscher weisen och drop hin, dass Kleeder net nëmmen bei der éischter Wäsch Mikrofaser verléieren, mee och nach beim 8ten oder 16te mol wäschen gëtt eng signifikant Portioun vu Mikrofaser aus dem Stoff fräi gesat.

Zum Schluss nach e klengen Tipp vum däitschen Ëmweltbundesamt wann et drëm geet fir eng nei Wäschmaschinn ze kafen. Do sollt een drop oppassen, dass se eng méiglechst héisch Energieeffizienz-Klass huet a keng ze grouss Trommel, fir hallef voll Wäschen ze evitéieren. A Seefepolver oder flëssegt Wäschmëttel sollt ee spuersam gebrauchen, déi wieren Haut super kompakt a quasi duebel esou effikass wéi virun 20 Joer. De Fortschrëtt an der Wäschmëttel-Technologie hätt et méiglech gemaach, dass een mat méi kalen a méi séiere Wäschen excellent propper Resultater kéint erauszéien.