''Gutes Licht'' huet d'Konferenz déi leschte Woch zu Veianen an der LAREI geheescht, déi sech iwwer 2 Deeg gezunn huet. Haaptsujet war d'Liichtverschmotzung, déi Natur, Déier an och de Mënsch betrëfft. Allerdéngs steet dës Form vun Ëmweltbelaaschtung nach ganz am Ufank, Marie Gales.

28/01/2020 Konferenz 'Gutes Licht'

Dat géif een zwar net mengen, well déi 14 Experten- Biologen, Dokteren, Ingenieuren, Astronomen a Physiker- schonns laang op dem Thema fuersche fir iwwert d'Gefore vum Liicht opzeklären. Elo geet et drëms fir all Mënsch wëssen ze dinn, wat e selwer kann änneren a wat am grousse Mooss muss geännert ginn fir dass d'Nuecht nees Nuecht ass a Luucht richteg a gezielt soll agesat ginn. Liichtverschmotzung huet näischt mat futtisse Luuchten ze dinn, e Mann, dee sech domadder laang beschäftegt ass den Diplom-Ingenieur Uwe Knappschneider an dee gëtt déi richteg Erklärung.

Et gëtt awer e Guide, e Leitfaden fir Lëtzebuerg, deen den Uwe Knappschneider virun 2 Joer mam Ëmweltministère ausgeschafft huet. Natierlech all eenzele vun eis privat oder professionell misst säi Bäitrag do leeschten.

Test et selwer un Iech, ass iergendwou eng Luucht, muss een automatesch dohinner kucken, abee de Villercher geet et net anescht an d'Dokter Annette Krop-Benesch huet ee ganz krasst Beispill uginn.

An Nordamerika stierwen ënner anerem duerch beliichte Funktierm eng 7 Millioune Villercher all Joers, an do sinn d'beliichten Hausfassaden an d'Wandrieder mol net derbäi gerechent.

Och d'Astronome iergere sech, dass een ëmmer manner d'Stären oder den Nuetshimmel gesäit, well et iwwerall ëmmer méi hell gëtt. Dat kann ënner Ëmstänn och geféierlech ginn, sou den Diplom-Physiker Eric Buttini.

Dofir wier et och gutt wann et méi där Stäreparke géif ginn, Plazen wou et immens donkel ass an een den Nuetshimmel nach gutt gesi kéint. Lëtzebuerg huet nach keen, wat awer net ass, kann awer nach kommen.

Kuckt och op

an och op