Allerlee Apparater an eisem Liewe sinn haut "smart". An dat hält och net virum Kannerzëmmer stall. Sief et an der Suckel, am Petzi oder am Babyphone: scho bei deene Klengste ginn et Gadgeten mat Zougrëff op den Internet. Mee wat bedeit et wierklech esou eppes am Kannerzëmmer stoen ze hunn? 

28/01/2020 Gefor bei vernetzte Spillsaachen?

Et ass d'Horrorvirstellung vun all Elteren: d'Kand setzt a senger Kummer a spillt mat senger Popp. Eng smarter Popp, also enger Spillsaach, déi sech ka mam Internet verbannen. An d'Kand, dat onschëlleg mat senger Popp spillt, ass sech net bewosst, dass Onéierlecher sech eragehackt hunn, an alles kënnen nokucken. Oder d'Donnée vum Kand klauen an notzen. Dat ass keng Science-Fiction méi, mee Realitéit. Eng Realitéit déi ee muss eescht huelen, a richteg upaken. Dofir gëllt et bei de Smarte Spillsaachen och déi richteg Reflexer ze hunn. An déi konnt d'Carmen Michels vu BEE SECURE mer soen.

Carmen Michels: Als Elteren soll een als éischt emol kucken, dass een all d'Funktiounen vun esou engem "Smart Toy" soll kennen. Dat heescht, wat fir Funktioune ginn et? Audio, Video, Geolokalisatioun, an och mussen déi Funktiounen iwwerhaapt aktiv sinn? Kann d'Kand och ouni des Funktiounen d'Spillsaach richteg notzen? An dann een anere Punkt ass den Dateschutz. Hei sollt een sech wierklech gutt informéieren, am beschten an den allgemenge Geschäftsbedingungen: Ginn Donnéeën gespäichert? Wat fir Donnéeën gi gesammelt? Firwat gi se gesammelt, a wien kann des Daten dann och duerno notzen? Well deels kënnen déi dann och fir Marketing Zwecker benotzt ginn.

Et gëllt also sech schonn am Viraus z'informéieren, wat mat mengen, respektiv den Donnée vu mengem Kand geschitt. Och wann een en Hacker Ugrëff net komplett kann evitéieren, kann een awer eppes maachen fir et méi schwéier ze maachen.
CM: Wat een op alle Fall ëmmer sollt maachen, ass ee séchert Passwuert, an dass een dat Passwuert och just fir déi smart Spillsaach notzt. An am Beschten och ee separate Konto uleeën [wann esou een néideg ass], wou net mat anere Kontoen déi een huet verlinkt ass.

 Donieft soll een och mam Kand iwwert des "Smart Toys" schwätzen. Dofir huet BEE SECURE elo eppes extra fir d'Kanner gemaach.
CM: Mir hunn do och rezent eng Publikatioun erausbruecht, déi am Fong ee Comic ass, "De Bibbi an de clevere Petzi, sécher spillen" Deen erkläert op liichter Sprooch wat eigentlech esou "Smart Toys" sinn a gëtt dem Kand déi wichtegs Informatiounen. Dat ass sécher eng ganz einfach Aart a Weis, wéi een dem Kand kann erklären, wéi esou Spillsaache funktionéieren. An dann eben fir d'Elteren: d'Aen ophalen, mam Kand d'Gespréich sichen, a virun allem d'Notzung am A behalen.

Wann een elo aussergewéinlech Aktivitéiten vun enger smarter Spillsaach bemierkt, kann een sech bei der BEE SECURE Helpline mellen, oder beim Hiersteller vun der Spillsaach. Ee seriéisen Hiersteller, huet och eng Helpline oder soss eng Form vun Hëllef. Sollt ee mierken, dass et zu engem Hackerugrëff komm ass, gëllt et dann d'Police ze kontaktéieren.