Et gëtt bal keen Hobby, dee méi diskutéiert, kritiséiert a kommentéiert gëtt, wéi dee vun der Juegd. Eng ronn 2000 Jeeër ginn et zu Lëtzebuerg. D'Passioun Juegd ASBL setzt sech virun allem aus jonke Jeeër zesummen. Fir si ass d'Opklärung wichteg an dobäi sollen ënnert anerem déi Sozial Medien kënnen hëllefen. Wéi een d'Juegd anescht duerstelle kann wéi de gängege Klischee, verréit d'Lea Schwartz.

05/02/2020 Juegd anescht duerstellen

Wéi ee Wäschbier zoubereet, dass een en och iesse kann, üben am Schéisskino oder déi éischte Sonnestralen no enger laanger Nuecht um Héichsëtz. Dat alles fënnt een op de Soziale Medie vun der Passioun Juegd. D'ASBL besteet aus ville jonke Jeeër an huet sech virun allem der Opklärung iwwert a ronderëm d' Juegd verschriwwen. Op hire Soziale Medie geet et eben dacks net nëmmen ëm Waffen a schéissen, d'Liss Wolff, Presidentin vun der asbl erkläert.

Liss Wolff: Zesumme mat eisem gudden Team, mam Comité probéiere mer haaptsächlech d' Juegd un d' Ëffentlechkeet ze bréngen. Fir de Leit, déi elo net sou vill mat Juegd oder Nature ze dinn hunn am gudde Sënn mat op de Wee ze ginn, dass Juegd net onbedéngt eppes Schlechtes ass.

Si gräifen och Aktualitéiten op, sou zum Beispill viru Kuerzem d'Schwengspescht a klären do och emol op. Am Ausland sinn sou Optrëtter scho méi bekannt. An Däitschland zum Beispill huet de Youtubekanal vun de sougenannten Hunter Brothers 13 000 Abonnenten. Alles wat si maachen, ass d'Leit mat op d' Juegd ze huelen. An zwar virtuell mat der Kamera. Och aner Jeeër hu vill Succès op hire Soziale Medien. Ma dat ass awer am Ausland.

Liss Wolff: Dat ass bei eis net sou einfach. Mir si jo selwer op Instagram oder Facebook aktiv. An déi meeschten "Follower" sinn dann d'Jeeër oder Leit, déi selwer vill mat der Juegd ze dinn hunn. Mir wéilten och civil Leit uspriechen. Dat ass awer net sou einfach, well do eng Barrière ass. Vill Leit wëllen och näischt domadder ze dinn hunn. Eist Ziel ass et da méi un déi Leit erunzekommen.

Zu Lëtzebuerg ginn et eng ronn 2000 Jeeër. Am Internet ass d'Juegd a sech bis elo net ëmmer ganz positiv ewech komm. Wann iwwert si geschwat gëtt, da geet et meeschtens ëm d' Schéissen op d' Déieren, Accidenter oder hirer Dosinnsberechtegung iwwerhaapt. E bësse méi wei op mat enger geluedener Waff ronderëm ze lafen, géif bei der Juegd dozougehéieren. Ee groussen Deel vu sengem Liewe verbréngt de Jeeër am Bësch ouni ze schéissen.

Liss Wolff: Et ass net nëmmen een Hobby, et ass schonn eng Passioun. Et lieft een einfach dofir, an et ass méi, wéi een Deier ze erschéissen. Et gëtt ee gutt geschoult, wat d'Sécherheet, wat alles ubelaangt. Iwwert d'Flora a Fauna, iwwert Waffenkunde, iwwert d'Déieren, iwwert d'Natur un sech, iwwert d'Reglementer, iwwert Gesetzer, iwwert alles. Juegd ass immens breet gefächert.

An de Soziale Medie soll déi Säit gewise ginn. Et soll virun allem drëms goe fir d'Juegd anescht duerzestellen. Ouni eppes ze verheemlechen. Och wann een als Jeeër vill Aufgaben huet, geschoss gëtt eben och.

Liss Wolff: Een dee gäre Fleesch ësst, dee muss vum Dout vun engem Déier ausgoen. Dat ass einfach sou an dat kann een och net schei schwätzen- an am beschte Fall ass d' Déier direkt op der Wiss dout. Een Dout deen een all deenen anere Béischten hei am Land sou kéint wënschen. Wat d'Sozial Medien ubelaangt géife mer net onbedéngt Fotoe vun doudegen Déiere posten. Do muss een awer och e bësse respektvoll domadder ëmgoen. Dat muss net sinn.

Laang Zäit hate vill Leit an der Gesellschaft bal keng Beréierungspunkte mat der Juegd. D'Sozial Medie sinn d'Chance sech selwer duerzestellen. Meenungen an Astellunge kann een sou villäicht net änneren. Ma et kann een awer méi Transparenz weisen, an dat wat an eise Bëscher sou geschitt.