Den Ament vergeet keen Dag ouni Meldungen iwwert de Coronavirus. Nach ass de Virus net hei zu Lëtzebuerg ukomm. Ma et gëtt sech awer Suerge gemaach. Besonnesch duerch eis Cargolux Connectioun mat China, fäerte Leit, dass de Virus méi séier kéint ukommen. Fir méi gewuer ze ginn, huet d'Julie Dupont mam Dr. Pierre Weicherding, Direkter vun der Inspection de la santé der geschwat.

31/01/2020 Coronavirus: wéi iwwerdréit en sech a wéi net

Et héiert een zwar all Dag iwwert de Coronavirus an den Noriichten, mee awer ass nach net all ze vill gewosst iwwert de Virus. Wéi en sech zum Beispill verbreet, a wéi geféierlech en ass. Et ass d'Angscht virum Onbekannten.
Mee et gi sech och Froe gestallt ronderëm Liewensmëttel an aner Produiten déi  aus China exportéiert ginn. Hei zu Lëtzebuerg kommen duerch d'Cargolux och reegelméisseg Saachen aus China un. Ass et zum Beispill méiglech, dass ech mech mam Coronavirus infizéieren, well eng infizéiert Persoun mäin neie Smartphone zesummegesat huet?

Dr. P. Weicherding: De Coronavirus ass vu Mënsch zu Mënsch iwwerdrobar. Awer elo net duerch Marchandisen, déi heihi bruecht ginn, ob dat elo elektronesch Saachen, oder Kleeder sinn. Do ass de Virus sécher net méi dran, souguer wann es dra gewiescht wier, hätt e ganz sécher net iwwerlieft. An aner Saache kommen net aus China [heihin]. Also et komme keng lieweg Déieren vun do, dat kéint emol eng Gefor sinn, et kommen keng Iesswuere vun do. Et ass och wéineg probabel, dass de Virus doranner heihi géif transportéiert ginn. Duerch ofkachen, kéint de Virus dann och futti gemaach ginn. Dee Wee do ass iwwerhaapt guer net bekannt. Déi eenzeg Iwwerdroungsweeër déi wierklech bekannt sinn, sinn déi vu Mënsch zu Mënsch, oder eben nach vun Déier zu Mënsch.

Et ass also onwahrscheinlech sech iwwer Produiten aus China unzestiechen, mee net ganz onméiglech. Elo nodeems australesch Fuerscher de Virus konnten isoléieren, kann ee méi iwwert  de Virus erausfannen.

Dr. P. Weicherding: Et ass ee Virus dee ganz kloer vun engem Déier kënnt. Also eng Zoonose. Wat d'Source do ass, ass nach net bekannt. Et ass och just op enger Plaz a China wou dat stattfonnt huet, mee et ass ee Virus deen sech immens séier verdeelt huet. Also et ass als éischt elo emol ee Genotypage vum Virus gemaach ginn. Dat heescht, säi genetesche Code ass ganz entschlësselt ginn. Mat der Technik vun haut, mécht sech dat u sech ganz gutt. Wat elo d'Mutatioun ubelaangt: en huet sech nach net esou vill verdeelt, dass e vill hätt kënne mutéieren. Sou séier geet et och net bei engem Virus, dat dauert nach eng gutt Zäitchen, mee et ass net ausgeschloss. Et ass wéi bei all Virus, deen ännert sech ëmmer e bësselchen. Wéi de Grippevirus zum Beispill, deen ännert sech vu Woch zu Woch ganz liicht of. Bei dem hei kann et och elo sinn, dass en sech ännert, awer net sou séier. Also zur Zäit ass nach keng esou eng Mutatioun ze fäerten.

Viren ginn et schonn méi laang wéi d'Mënschen. A mer sinn och reegelméisseg am Kontakt mat Viren, dacks si mer eis dees just net méi bewosst. Oder Virus déi eis scho bekannt sinn, wéi de Grippevirus zum Beispill:

Dr. P. Weicherding: Sécherlech, déi grouss Suerg, déi elo doruechter zirkuléiert, och hei zu Lëtzebuerg an an der ganzer nërdlecher Hemisphär, dat ass de Grippevirus. Deen den Ament nawell staark amgaangen ass an d'Luucht. Deen och dëst Joer ganz geféierlech ass. An et ass ee vun deene geféierlechsten Virus deen et gëtt. Esou ee Grippevirus, do stierwen all Joer ganz vill Leit. Deen ass och dëst Joer erëm staark amgaangen ëm sech ze gräifen, also do muss een och wierklech gutt oppassen.

Den Ament ass et also vill méi wahrscheinlech sech um Grippevirus z'infizéieren, wéi elo mam Coronavirus. Besonnesch wann een net an engem direkte Kontakt ass mat Persounen aus der concernéierter Regioun.