Mangaen an Animeën ass ee Phänomen, dee sech scho laang net méi nëmmen op Japan limitéiert. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Firma, déi sech drop spezialiséiert huet, Figuren aus deene Comics an Zeechentrickfilmer ze produzéieren. An domat ass si esouguer weltwäit de Leader.

07/02/2020 Manga Figuren aus Lëtzebuerg

Wien do nach behaapt, datt d'Mangaen just eppes fir Kanner sinn, an ee Erwuessenen näischt méi domat ufänke kann, dee läit falsch.

De Cyril Marchiol huet seng Passioun fir d'Mangaen an d'Animeën zum Beruff gemaach. Hien huet d'Firma Tsume gegrënnt, déi sech drop spezialiséiert huet Figure vun de Mangapersonnagen ze produzéieren

Tsume ass eng Lëtzebuerger Success Story, d'Firma huet hire Sëtz zu Sandweiler, mat 55 Mataarbechter an engem Chiffre d'Affaires vun 9 Milliounen Euro. D'Entreprise ass drop spezialiséiert fir all d'Etappe vun der Produktioun kënnen auszeféieren, vun der Zeechnung iwwert den 3D Modell bis bei d'Skulptur.

Dragonball Z, Naruto oder One Piece, wann Dir eng Figur aus deene Mangae kaaft, dann ass déi vun Tsume produzéiert, well si d'Lizenz vun deene Wierker hunn. D'Präisser gi vu e puer Euro fir déi einfachster Stécker bis bei e puer dausend Euro fir eng grouss, detailléiert, Figur. A si baue weider aus, mëttlerweil produzéiere si hir eege Mangaen a Gesellschaftsspiller, a produzéieren och scho Figuren aus Hollywood Blockbuster.