Viru ronn 5000 Joer goufe Päerd fir d'éischt domestikéiert. Laang Zäit gouf et keen Ersatz fir hir Déngschter, sief et als Kutschpäerd, fir ze reiden, oder als Schaffpäerd um Feld. Souguer am Krich goufen se agesat. A sengem neie Buch "Séier lafen oder schwéier schaffen" beliicht de Mars Klein déi verschidden Aspekter vun der Relatioun tëscht Mënsch a Päerd. D'Bea Kneip huet sech mat him doriwwer ënnerhalen.

05/02/2020 Lecture vun heiheem: "Séier lafen oder schwéier schaffen" Mars Klein

De Mars Klein huet sech als Kabarettist an Auteur vun enger Rëtsch Bicher en Numm gemaach. "Wat d'Heemecht war - kommentéiert lëtzebuergesch Gedichter vun 1800 bis haut" war déi rezentst Publikatioun aus senger Fieder. A sengem neie Buch beschäftegt en sech mat deenen Déieren déi schonn zënter Joerdausenden de Mënsch begleeden an ëmmer nees faszinéieren. De Mars Klein huet zwar selwer keng Päerd, en huet awer esou munch Erënnerung aus senger Kandheet.

D'Buch ass a 44 Kapitelen opgedeelt. All Kapitel fänkt mat engem Artikel un deen de Mars Klein op Lëtzebuergesch geschriwwen huet, duerno komme literaresch Texter vun esou diversen Auteuren wéi dem Victor Hugo, dem Alfred Brehm, Kurt Tucholsky, Mark Twain oder eben dem Roger Manderscheid. Et ass erstaunlech wéi vill ënnerschiddlech Rollen d'Päerd fir de Mënsch gespillt hunn. Zum Beispill als Troun:

Sou e Päerd léisst natierlech och emol eppes falen, an nee, domat ass onbedéngt de Reider gemengt...Déi Zäit wou den duerchschnëttleche Won sech mat enger bis zwou Päerdsstäerkten beweegt huet, waren d'Gaassen deementspriechend mat Fläpp garnéiert. Et war also net alles reng Päerdsromantik...

An awer hunn d'Kolleege mat de véier Been eis zënter éiwegen Zäite faszinéiert. "Alles Glück dieser Erde liegt auf dem Rücken der Pferde" wien sech vun dem Zitat ugesprach fillt, fir deen dierft dëst Buch genee dat richtegt sinn!