Nodeems viru kuerzem eng Persoun, déi illegal Reptilien bei sech Doheem gehalen huet, veruerteelt gouf, well d'Administratioun vun de Service vétérinaires nees nach emol rappeléieren, wéi eng Déieren een zu Lëtzebuerg iwwerhaapt Doheem halen dierf.

12/02/2020 Wéi eng Déieren dierf een zu Lëtzebuerg halen?

Et war e Fall, dee nawell fir Opreeges gesuergt hat. Ënn 2018 goufen 252 Reptilien bei engem Mann am Appartement saiséiert, dorënner waren der 123 gëfteg. Dat wier allerdéngs éischter en Eenzel- a virun allem och Extremfall, seet den Direkter vun der Administration des Service vétérinaires Dr. Félix Wildschutz. Et hätt awer den Ustouss dozou ginn nach eemol e Rappel un d'Leit ze maachen. 2018 ass dat neit Déiereschutzgesetz a Kraaft getrueden. Do ass kloer dran opgelëscht, wéi eng Déieren een dierf halen a wéi eng net. Et ginn zwou Lëschten. Eng fir d'Mamendéieren.
Dorënner fält och d'Juegdgesetz, dass ee keng Wëlldeieren Doheem dierf halen. An nach eng aner Lëscht fir net Mamendéieren.

Fir Leit, déi awer schonn virdrun en Déier Doheem gehalen hunn, dat zanter dem neie Gesetz verbuede ass, ginn et awer Ausnahmen. Et kéint een déi Déieren nämlech bis se stierwen halen, falls ee se virum neie Gesetz kaf huet an et misst dann an deem Fall och gepréift ginn, ob een Déieren aartgerecht hält.

Virun allem iwwer Internet kéint een haut alles kafen a falls een dann awer sech wéilt esou een Déier uschafen, missten streng Prozeduren agehale ginn an et misst een eng speziell Autorisatioun ufroen.

Wann elo Leit nach sou Déieren Doheem hunn, kënne se och elo nach sech bei der Administratioun des Services vétérinaires mëllen fir déi néideg Pabeieren ze kréien.

All Detailer fannt Dir och op

.