Si ware Kënschtler oder Dokteren, Handwierker oder Geschäftsleit, Schmelzaarbechter oder Elektriker. Déi bal 4000 Judden déi am Mee 1940 zu Lëtzebuerg gelieft hunn, waren deelweis zënter Generatiounen am Land, anerer ware virun de Pogromer an Osteuropa geflücht an dat, wéi si duechten, séchert Lëtzebuerg. No der Invasioun den 10te Mee hu vill vun hinnen d'Land verlooss. Fir déi di bliwwe sinn, goung eng schwéier Zäit un. "Luxemburg im Schatten der Shoah", sou heescht e Buch an dem de Mil Lorang, Publizist fir MemoShoah Lëtzebuerg, versicht z'erklären wat deemools geschitt ass. D'Bea Kneip huet sech mat him ënnerhalen.

12/02/2020 Lecture vun heiheem: "Luxemburg im Schatten der Shoah" Mil Lorang

Eigentlech ass et net z'erklären. Dat wat an Däitschland, a vun 1940 un, och zu Lëtzebuerg, iwwert déi jiddesch Bevëlkerung eragebrach ass, war eng Katastrof, a genee dat ass och d'Bedeitung vum hebräesche Wuert "Shoah". A séngem Buch dokumentéiert de Mil Lorang dës Epoch.
3 Joer laang huet de Mil Lorang recherchéiert, a Bicher, offiziellen Dokumenter oder an den Archive vu Privatleit.

658 Judden goufen vun Oktober 1941 un deportéiert, op Litzmannstadt, Auschwitz oder Theresienstadt. D'Lëschte mat hiren Nimm sinn am Buch ze fannen, ganz vereenzelt steet de Buchstaw "R" hannendrun a Klammeren. Dat bedeit, dass deejéinegen iwwerlieft huet. 44 Persounen hunn den "R", d'Esther Levy vun Ettelbréck, 83 Joer, war keng vun hinnen. Den Hans-Joachim Janske aus der Stad och net. Hien hat grad emol 3 Joer.    

De kompletten Interview fannt Dir am Audio.