De leschten Dënschdeg ass d'Nouvelle vum Doud vun der Bande Dessinées Zeechnerin Claire Bretécher komm. Si war scho fréi eng vun deenen éischte Fraen, déi Bande Dessinéeë gezeechent hunn.

16/02/2020 BD VUN DER WOCH (Doud vum Claire Bretécher)

Si hat 79 Joer, a konnt op méi ewéi 50 Joer Karriär zeréck kucken. Mat hirer  Manéier fir ze zeechnen huet si och een eegene Stil gehat, deen een direkt erëmerkannt huet. An net nëmmen hiren Zeechestil war ganz perséinlech, och d'Sujeten déi si ugepak huet waren zum Deel autobiographesch an ëmmer sozialkritesch. Och domat war si hirer Zäit wäit viraus.

Scho mat 3 Joer huet si ugefaange mat zeechnen. Hiere Papp huet eng wichteg Roll gespillt, well ouni hien, wier si net schonn als Kand a Kontakt mat Bande Dessinée komm. Deemools hu Meedercher einfach keng BDën dierfte liesen.

Dat ass villäicht och eng Erklärung, firwat d'Claire Bretécher och eng Auteurin war, déi scho fréi feministesch Sujeten ugepak huet. Och do ëmmer mat vill Humor, an ouni ze zécken huet si sech och ëmmer gär op d'Schëpp geholl.

D'Claire Bretécher huet net nëmme Bande Dessinéeë gezeechent, an Laf vun hirer Karriär huet si och Portraiten vu Mënschen déi hir nostoungen, an Autoportraiten ouni Konzessioune gemoolt.

Si huet mat Figuren ewéi Cellulite an Agrippine BDs Geschicht geschriwwen. Si huet och 1972 mam Marcel Gotlib an dem Nikita Mandryka d'Zäitschrëft "L'Écho des savannes" gegrënnt, eng Zäitschrëft déi de Wee fräigemaach huet fir méi eng Erwuësse Bande Dessinée. Virun 38 Joer ass si schonn um BD Festival vun Angoulême mam Grand Prix spécial fir den 10. Anniversaire vun deem Festival ausgezeechent ginn, scho 7 Joer méi fréi huet si ee Präis als Zeenaristin kritt, a virun 21 Joer huet si nach eemol eng Auszeechnung fir hiren Humor kritt.