Wie krank ass, dee soll doheem bleiwen. Dacks huet een dann awer e schlecht Gewëssen, dass een d'Kolleegen am Stach léisst, an déi nach eis Aarbecht musse matmaachen, mee et ass op där anerer Säit awer och eng Belaaschtung fir déi aner, wann ee permanent um Houschten an Néitschen ass, an an engem Dag eng ganz Këscht Kleenex ewech schnuddelt. Fir déi zwou Säiten also net agreabel. Wann een also trotzdeem op d'Aarbecht muss, wéi verhält een sech richteg? Michèle Schons?

17/02/2020 Knigge - Néitschen

HAAAAATSCHIII!

-Gesondheet!

Et ass quasi e Reflex, oder? Wann een Néitscht, wënscht een deem Mënsch automatesch Gesondheet. Kaum eng aner Reegel ass jo esou populär wéi déi wann een néitscht. Zäit fir mol nozekucken wat dann de Knigge iwwerhaapt zum Thema néitsche seet. Den Här Adolph Freiherr huet sech zum Néitschen eigentlech guer net wierklech geäussert. All meng Recherchen hu kee Resultat ervirbruecht... dofir ass et iergendwéi awer berouegend dass och de Knigge net perfekt ass.  

Wouhier kënnt dann also dat Gesondheet-Wënschen?

Anscheinend staamt et aus dem Zäitalter vun der Pescht am 14. Joerhonnert. Et gouf mol ugeholl dass een net dem Géigeniwwer dee grad néitscht eng gutt Gesondheet wënscht, mee sech selwer. E Bléck an déi aner Länner mécht d'Saach nämlech méi kloer. "Bless you" soen d'Britten, "Jesus" d'Spuenier a "Satinhas" d'Portugisen. Beim Gesondheetwënsche schéngt et also eng Art Seegen ze sinn deen sech un déi aner Persoun riicht. Quasi eng Aart symbolesch Gutt Besserung.

Iwwregens wosst der schonn dass d'Vitesse vun engem Néitschen et mat engem Orkan ophuele kann? Bis zu 160km/St! Chapeau! Dass de recommandéierte Sécherheetsofstand tëscht dem Néitscher an Net-Néitscher 6 Meter soll sinn, ass do ze verstoen. A schonn eleng dowéinst sollt een dat Néitschen och net ënnerdrécken. Déi muss jo iergendwou hin, déi Turbovitesse do! Fir dass dat Tëschemënschlech dann awer korrekt ofleeft, ginn et e puer Tipps aus der Schoul fir e bessert Mateneen:

Well sech den Adolph Freiherr von Knigge partout näischt zum Néitsche wollt bäidroen, huele mer als Spiritus Rektor einfach en anere verstännege Mann, den Theolog a Philosoph Erasmus von Rotterdam. 1466 zu Rotterdam gebuer an 1536 zu Basel gestuerwen. Aus senger Fieder staamt d'Erzéiungswierk De "Civilitate morum puerilium". Doranner geet den Erasmus ganz detailléiert der Fro no watfereng Verhalensweisen d'Kanner fir den ziviliséierten Ëmgang mat hire Matmënsche brauchen. Tëscht der Nues eropzéien an de Baken fanne mer eng kleng knackeg Beschreiwung iwwert d'Néitschen.

-Dréi dech ewech!

Jo aus Héiflechkeet sollt een deem aneren net an d'Gesiicht néitschen, ass kloer!

-Entschëlleg dech!

Ah... also eigentlech seet een deene jo Merci, déi engem Gesondheet wënschen, oder et hätte maache sollen... mee wisou sollt een sech fir eppes Natierleches wéi Néitschen entschëllegen?

Hei fanne mer beim Erasmus eng schéin Erklärung: d'Néitsche beanträchtegt grad esou wéi d'Gaapsen d'Gehéier vum Géigeniwwer, an esou munchereen huet sech schonn mol gutt erféiert, wann..... Extr...ne? ... en haarden Néitscher an der Géigend d'Schallmauer duerchbrach huet...

-Dréi de Volume erof!

Express Néitschen a fläisseg nach emol hannendrop Néitschen fir seng Kraaft ze demonstréieren, war am 16te Joerhonnert eng Gewunnecht vun engem Harlekin an ass et nach haut.

-Ënnerdréck däin Néitschen net!

E Geräisch ënnerdrécke wat d'Natur virgesinn huet, ass Blödsinn, dat maache just e puer ridicule Gesellen, déi d'Héiflechkeet op Käschte vun der Gesondheet iwwerdreiwen.

-Gesondheet wënschen oder net?  

Eng Zäitlaang war d'Gesondheetwënschen net méi in - Zevill Allergiker an d0Gefoor dass nees mol rëm e Meeting duerch Néitscher a Gesondheetswënscher gestéiert gëtt war grouss. Ma zanter engem gewësse Moment ass de Fall Gesondheetwënschen nees opgerullt an huet de Fräisproch mat e puer Restriktioune kritt:

- dir dierft Gesondheet wënschen, awer w.e.g. kee Matleed mat Allergiker well engem 2723 mol den Dag Gesondheet ze wënschen kann engem op de Geescht goen. 

-"Gesondheet" net brëllen

Wann de Mënsch deen néitscht an aneren eck vum Sall sëtzt, sollt ee vläicht drop verzichten.