Wann d'Krukerten zréck kommen aus dem Süden heescht dat, datt d'Fréijoer am Umarsch ass. Ma déi éischt Zuchvillercher goufe schonns Enn Januar iwwer Lëtzebuerg gesinn. An dat ass vill méi fréi wéi dat soss viru Joren, oder souguer Joerzéngten, de Fall war. Marie Gales

19/02/2020 Mëlle Wanter ass schlecht fir d'wëll Déieren

Dat ass am Fong kee Probleem, ausser et gëtt da mol richteg kal a se missten dann nees Richtung Süde fléien. Groussen Duercherneen an de Saisonen bréngt groussen Duercherneen an der Natur a beim Rhythmus vun den Déieren, erkläert d'Elisabeth Kirsch vun Natur an Ëmwelt.

D'Reproduktioun geet dann och éischter un, wann d'Wieder sou mëll ass; dat mierkt net nëmme bei de Villercher, déi schonns am Gaang si mat sangen an hiert Revéier ze markéieren an sech op hir Brut ze preparéieren. Ma dat ass och bei aneren Déiere sou.

An dat fréit Erwächen betrëfft bei ze waarmen Temperaturen am Wanter all Organismus, vun den Déieren bis zu de Planzen...

An nach eppes weider Ellenes zum Schluss, bei engem mëlle Wanter hu mir och vill Zécken, déi elo dat ganzt Joer aktiv sinn an net méi just vu Mäerz bis Oktober. Dës Spannendéieren profitéiere vun den ze waarme Buedemtemperaturen a bei 7 Grad maache si sech op de Wee.