Vum 1. Januar 2025 u muss a Frankräich bei neie Wäschmaschinnen e speziellen Anti-Plastik Filter agebaut sinn. Sou sollen déi mikroskopesch kleng Plastik-Partikelen, déi eis Kleeder an der Wäsch fräisetzen, gefiltert ginn an d'Ofwaasser méi propper halen. Jil Arend.

19/02/2020 Frankräich: Anti-Plastik Filter an der Wäschmaschinn

D'Regierung wëll esou géint den ëmweltschiedlechen Offall dee vun eise Maschinnen am Stot ausgescheet gëtt virgoen. Déi franséisch Staatssekretärin am Ministère fir Ëmwelt, d'Brune Poirson, huet sech e Méindeg mat verschiddene Wäschmaschinnenfirmen getraff, fir iwwert d'Ëmsetzung vun engem neie Gesetz am Kader vun der Kreeslafwirtschaft ze diskutéieren.

D'Politikerin seet, dass déi grouss Wäschmaschinnen-Produzenten elo ganz innovativ musse sinn, fir sech un dës nei Norm unzepassen. A ganz ville Kleeder gi verschidden Zorte vu Plastik, ewéi zum Beispill Polyester, Acryl oder och Elasthan benotzt. Dës Materialie sëtze beim Wäsche mikroskopesch kleng Partikele fräi, déi esou winzeg sinn, dass se an der Kläranlag net erausgefiltert kënne ginn. Sou landen se da schlussendlech an eiser Ëmwelt a besonnesch an de Mierer. Dëst soll elo mam neie Gesetz geännert ginn.

Et ass nämlech batter néideg! Schätzunge vun dem IUCN, der International Union for Conservation of Nature, no, gi pro Joer ronn 9,5 Tonne Plastik an d'Mier gekippt. A 15-30 Prozent dovun ass Mikro-Plastik. Frankräich ass elo dat éischte Land wat dës Quell vun der Ëmweltverschmotzung rechtlech reegele wëll. D'Brune Poirson wëll d'Fabrikanten dozou bréngen esou séier ewéi méiglech déi néi Filteren an d'Maschinnen anzebauen. Ass dat scho virun 2025 de Fall, esou ginn se mat engem Ëmwelt-Bonus belount. D'Politikerin ass sech sécher, dass dës Moossnam Frankräich offiziell un d'Spëtzt beim Kampf géint d'Verschmotzung duerch Mikro-Plastik stellt an et eng Innovatioun fir en gudden ökologeschen Iwwergang ass.

A Frankräich gi pro Joer ongeféier 2,7 Millioune Wäschmaschinne verkaf, dat sinn der méi ewéi 7000 pro Dag. Hunn déi enges Dages alleguer esou e Mikro-Plastik Filter agebaut, fléisse schonn e gutt Stéck manner dëser mikroskopescher Partikelen an eis Mierer. An et ass ze hoffen, dass och aner Länner nozéien an un esou ëmweltfrëndlechen Gesetzer schaffen.