Ofhuelen, sech méi fit spieren an trotzdeem net op roude Wäin a Schockela verzichten? Dat kléngt dach no enger super Kombinatioun! Genee dat versprécht de sougenannte SIRT-Regimm. Duerch d'Aktivéierung vu ganz bestëmmten Enzymer, sollen déi iwwerflësseg Kiloe ganz séier verschwannen. Net seelen, gëtt dëse Regimm dofir mat Sloganen ewéi "Turbo-Regimm" oder Anti-Aging-Regimm" verbonnen! Mee hält en dat, wat e versprécht, Jil Arend?

24/02/2020 SIRT-Regimm

De SIRT-Regimm ass a 4 Stufen agedeelt. Déi éischt Phas dauert 3 Deeg an huet et wierklech a sech! Nëmmen 1000 Kalorie sinn hei erlaabt, opgedeelt an zwee sougenannt SIRT-Jusen an eng SIRT-Moolzecht. An der zweeter Phas dierfen dann 1500 Kalorie giess ginn an amplaz vun engem SIRT-Iessen stinn der elo 2 um Programm! Tëscht de Moolzechten, sinn och nach 2 SIRT-Drinks erlaabt. No der éischter Woch kënnt een dann an déi drëtt Stuf vum Regimm, enger Iwwergangsphas. 3 SIRT-Platen an 1 SIRT-Jus dierfe consomméiert ginn. Ab elo dierf een dann och säi roude Wäin an de Schockela, awer nëmme mat héijem Kakaoundeel, genéissen! An der leschter Phas soll een dann seng Kalorien net méi bewosst aschränken, mee de Fokus generell op en gesonde Liewensstil leeën. Laangfristeg gekuckt, soll ee méiglechst vill SIRT-Liewensmëttelen iessen an sech och vill beweegen. 
D'Pappe vum SIRT-Regimm, den Aidan Goggins an de Glen Matten, behaapten, dass ee mat hirer neier Aart a Weis sech ze ernäre ganz gezielt Enzymer aktivéiere kann! Dës sollen de Stoffwiessel ukuerbelen an doduerch verléiert een dann u Gewiicht. Rieds ass vun de sougenannte Sirtuin-Proteinnen, Alexandra Schmit, Dieteticienne: "Sirtuinnenn si 7 verschidde Stoffer déi an eisem Kierper verschidde Reaktioune steieren. Dat heescht, des entweder fërderen oder andämmen. Sie spillen ënnert anerem eng positiv Roll am Alterungsprozess, bei altersbedéngte Krankheeten, Kriibs an Iwwergewiicht. Sie sinn awer nach net genuch erfuerscht beim Mënsch fir hier genau Roll a Wierkungen ze kennen!"

Des Sirtuinne kënnen duerch de Polyphenol aktivéiert ginn! Schonn erëm esou en komplizéiert Wuert! D'Alexandra Schmit huet erkläert, wat Polyphenoller sinn: "Polyphenoller sinn e Grupp vu sekundäre Planzestoffer déi ënnert anerem am Schockela a roudem Wäi fënnt, mee och am Uebst, Geméis a Vollkornproduiten. Sie ginn de Liewensmëttel hier Faarf an hunn positiv Auswierkungen an eisem Kierper. Zum Beispill senken se de Cholesterol am Blutt. E vun deene Bekanntsten ass warscheinlech de Resveratrol den am roude Wäin ass!

Also nach eng Kéier vu vir! Doduerch, dass ee vill Liewensmëttele mat Polyphenol ësst, ginn déi sougenannte Sirtuinnen an eisem Kierper aktivéiert! Sou soll dann eise Stoffwiessel ugereegt ginn woubäi da méi Kalorie verbrannt ginn! Also huele mer of, Alexandra Schmit? "Jo, sou ass d’Theorie, mee an der Praxis konnt dat beim Mënsch nach net bewise ginn, well hei ganz vill Faktoren eng Roll spillen. Ausserdeem misst an dësem Fall eng ganz grouss Quantitéit un Polyphenoller opgeholl ginn an dëst ass net méiglech iwwert d‘Ernährung"

Dat Besonnescht un dësem Regimm soll et sinn, dass net nëmme gesond Iesssaachen zu den SIRT-Liewensmëttel gehéieren an domat immens Polyphenoll-halteg sinn, mee eben och roude Wäin oder donkele Schockela! Dës Regimm-Sënne stinn also hei wierklech um Ernärungsplang! Wat dierf ech da soss nach iessen, Alexandra Schmit? "Majo ënnert anerem proposéiere si vum Geméis hier zum Beispill Brokkoli, Zwiwwelen, Auberginnen, Knuewelek awer och deck Nëss, Kakuetten oder Quinoa. Also eng Auswiel un gesonde Liewensmëttel. Mee dat ass awer leider ageschränkt an se loosse ganz vill aner gesond Liewensmëttel an hirem Regimm ewech, déi genau esou positiv Auswierkungen op de Kierper hunn!"

An der Theorie klengt dat alles schéin a gutt, mee funktionéiert dat dann och an der Praxis, Alexandra Schmit, Dieteticienne: "Bei dësem Regimm gëtt d’Kalorien-Zoufuer extrem erofgeschrauft an an de Fokus geréckelt wat kritesch ze betruechten an net ze empfeelen ass. Den Hype ronderëm des Sirt-Diät hëlleft wei esou oft méi dem Marketing wéi dem Konsument. Dësen ass no dësem Regimm mat grousser Warscheinlechkeet rëm bei null  oder souguer an enger méi schlechter Situatioun wéi virdrunner."

Fir laangfristeg ofzehuelen ass eng equilibréiert a villsäiteg Ernärung, déi keng Liewensmëttel-Grupp ausschléisst, am beschten! Liewensmëttel déi vill Kalorien hunn, ewéi Séissegkeeten, Fäerdeg-Produiten a Fast Food sollen just heiansdo um Menü stoen! Mee och Beweegung ass immens wichteg, fir laangfristeg ofzehuelen! Brauch een Berodung an Ënnerstëtzung fir sech un en gesonden Iessrythmus ze gewinnen, kann e sech vun engem Dieteticien oder Dieteticienne hëllefe loossen! Alexandra Schmit: "Expert an dësem Beräich kennen se engem vill iwwert gesond Ernierung bäibréngen, ee motivéieren an ënnerstëtzen a mat Mythen opraumen déi en dagdeeglech héiert."