An 10 Joer ännert sech de Verkéier an de Groussstied radikal. Dat huet elo eng Etude iwwer d'Mobilitéit erausfonnt. Méi ëmweltfrëndlech Verkéiersmëttel géifen da benotzt ginn. A wéi enge Stied a firwat?

24/02/2020 Ass den Auto geschwënn out? 08h40

D'Etude "Mobility Futures" vum Fuerschungsinstitut Kantar huet 20.000 Awunner an 31 Groussstied gefrot. D'Resultat gouf vun 53 Experten analyséiert. Dee Verkéierswandel géif 2030 geléngen. Privat Autofahrten an de gréisste Stied vun der Welt géifen am nächsten Joerzéngt ëm 10 Prozent zeréckgoen. D'Etude begrënnt dat domadder, well et ëmmer méi Alternativen géifen ginn wéi zum Beispill de Car Sharing. D'Mobilitéit géif sech normalerweis nëmmen ganz lues änneren, eng Verännerung vun 10 Prozent iwwert ee Joerzéngt wier dann éischter ongewéinlech.

D'Benotze vum Vëlo géif ëm 18 Prozent erop goen, de Foussverkéier ëm 15 Prozent. Den ëffentlechen Transport hëlt nëmmen ëm 6 Prozent bäi.

An där Etude ginn och Informatiounen berücksichtegt wéi d'Unzuel vun de Bushaltestellen, wéi vill Kilometer Schinnen dass et ginn an och deenen zukünftegen Bauprojeten. Zwee däitsch Stied hunn do besonnesch gutt ofgeschnidden. Berlin läit un der Spëtzt. München op der fënnefter Plaz hanner Auckland, Moskau an New York.

Déi gréisst Verännerung am Mobilitéitsverhalen gëtt et am nächsten Joerzéngt zu Manchester. Do géif een dann den Auto 24 Prozent manner benotzen. Den ëffentlechen Transport 20 Prozent méi.  No där britescher Stad kommen Moskau, Sao Paulo, Paräis a Johannesburg. Dat géif da virun allem dorunner leien, dass an deene Stied vill géif investéiert ginn.