Wann Aarte riskéieren an der Natur auszestierwen, da komme se op eng rout Lëscht, domadder soll probéiert ginn ze agéieren a se ze schützen. Sou änlech kann et och digitalem Contenu, ganz präzis Internet-Sitten ergoen. Domadder verschwannen dann eng ganz Rei intressant a wichteg Informatiounen, déi missten archivéiert ginn. An der Nationalbibliothéik, do wou jo dat versuergt gëtt, wat hei am Land publizéiert gëtt, ass den Owend eng intressant Konferenz mam Thema "Content at risk". D'Christiane Kremer huet sech informéiert.

25/02/2020 Konferenz "Content at risk" 8h50

D'Konferenz "Content at Risk", déi vun der Nationalbibliothéik an dem CNA organiséiert gëtt, ass den Owend um 6 Auer an der Nationalbibliothéik. Derbäi sinn och zwee Invitéën: de Yannick Schumacher, deen am Internet als Influencer aktiv ass an den Benogno Perez, deen am Film-Animatiounsberäich schafft an iwwer d'Virtual Reality.