Obwuel et gedréchent Uebst well säit éiweg gëtt, ass an de leschte Joren e klenge Boom ronderëm des Variant vu Gesondem ausgebrach. Ëmmer méi Supermarchéen bidden déi verschiddensten Zorte am Lassenen un, do kann een sech da selwer zerwéieren. Wat an dësem gesonde Snack alles dra stécht a wéi Dir deen och kennt selwer bei Iech doheem preparéieren, verréit Iech d'Nicky Soisson.

05/03/2020 Erëm am Trend: gedréchent Uebst

Gedréchent Aprikosen, Quetschen, Dattelen oder Roséngen. Déi séiss Friichte sinn fir vill Leit eng Delikatess.

Laang hate se de Ruff, net ganz sou gesond ze si wéi frëscht Uebst. Elo heescht et awer, dass gedréchent Uebst op all Ernierungsplang stoe soll. Firwat? Well si eis immens vill Ballaststoffer liwweren. Genau sou wéi frëscht Uebst, hunn och si nach ëmmer vill Vitaminnen a Mineralstoffer sou wéi e niddrege Glycémie Index, wat an der Preventioun géint Stoffwiesselkrankheeten eng grouss Roll spillt. Dobäi kennt nach, dass gedréchent Uebst eng vun de beschte Kaliumquellen ass.

Zousätzlech ginn et eng Rei bioaktiv Phenolen. Des kenne virun Häerzkrankheete schützen.  E weidere Virdeel par rapport zu der frëscher Variant ass, dass duerch de gerénge Waasserundeel am gedréchenten Uebst, Schimmel a Bakterien bal keng Chance hunn.

Äppel- a Banannechips kann een a ville Supermarchéë kafen. Allerdéngs sinn déi industriell hiergestallte gedréchent Friichten dacks zousätzlech geschwiefelt oder mat anere Konservéierungsmëttel behandelt. Och gi se dacks bei méi wéi 50 Grad gedréchent, wat e groussen Deel vun de Vitaminnen zerstéiert.

Wann Dir op Nummer sécher goe wëllt, dann dréchent Är Friichten dach einfach selwer!

Äppel a Bieren, Aprikosen a Wäindrauwe zum Beispill, gehéieren zu den heemeschen Zorten, déi sech besonnesch gutt dofir eegenen. Prinzipiell kennt Dir awer och méi exotesch Friichte wéi Dattelen, Figen, Bananne, Mangoen, Papaya an Ananas benotzen. Och Äerdbier kennen dofir geholl ginn. Passt just op, dass Dir d'Uebst dofir benotzt, éier et ufänkt ze verdierwen. Fir Är Friichten ze deshydratéieren, hutt Dir de Choix tëscht verschidde Méiglechkeeten. Ob Dir Äert Uebst elo am Summer an der Sonn op der Wäschléngt, op der Heizung, am Schäffchen, an der Mikrowell oder an engem speziellen Dörrapparat dresche kritt, ass Iech iwwerlooss. Wichteg ass nëmmen, dass Dir Är Friichten déi Zäit net upaakt, an dass sech déi waarm Loft net staut. Soss bleift d'Fiichtegkeet dran.

Esou kennt Dir Äert Uebst och nach laang no der Saison genéissen, an dat ganz ouni Schwiefel oder Konservéierungsmëttel.

Ween déi nächste Kéier Loscht op eppes Séisses huet, dee gräift also besser zu gedréchentem Uebst wéi zu kalorieräiche Séissegkeeten. Selwer maachen ass net schwéier an et hält sech éiweg. A last but not least, léisst dëse gesonde Snack sech och nach ouni Problem iwwerall mathuelen.