In-Ear Kopfhörer ouni Kabel hu scho laang de Maart eruewert. Gefillt huet all Drëtten där Stëpp am Ouer a verschiddener géingen se am léifste guer net méi ausdoen. Mee esou eng Dauerbeschallung kann awer geféierlech ginn. D'Michèle Schons huet beim ORL Armand Koch nogefrot.

11/03/2020 Wat fir eng Kopfhörer si besser a manner geféierlech?

D'Fans vun de sougenannte Stëpp am Ouer schwieren drop. Elleng d'lescht Joer soll Apple ronn 60 Milliounen Air-Pods verkaf hunn. D'Tendenz klëmmt.

Wat déi meescht Notzer awer vergiessen, dass déi In-Ear Kopfhörer, ob mat oder ouni Kabel, trotz hire ville Funktiounen nach ëmmer am Ouer stiechen, an do och direkt beim Trommelfell Schuet uriichte kënnen. Zemools wann een d'Musek, Podcasts a Co an der Dauerschleef a virun allem ze haart lauschtert.

De Professer David Mc Alpine ass auditoreschen Neurowëssenschaftler op der Macquarie Uni an Australien an Expert fir d'Mënschlecht Gehéier. Och hie warnt virun enger exzessiver Notzung vun de beléiften Air Pods. Vill besser wäre senger Meenung so déi grouss Kopfhörer déi och Geräischer ausblennen. 
Dee Moment wou d'Leit nämlech déi Geräischer vu baussen ausblennen, halen se de Volume automatesch méi niddreg a mussen net esou haart 

Den Ënnerscheed kann ee moossen, wéi och eng rezent Etüde séi an dësem Kontext gemaach gouf beweist. D'Resultat: Leit mat Kopfhörer déi d'Baussegeräischer ausblennen, du mat 80 Db gelauschtert, an d'Leit mam Airpod mat 95 bis zu 100 Db. Hei ass op Dauer e Schuet um Gehéier virprogramméiert. 

Sollt een elo seng deier Airpods an d'Poubelle geheien an ëmklammen? Net onbedéngt. Et geet an éischter Linn drëms fir d'Gewunnechten z'iwwerdenken an eis bewosst ze maachen dass et och méi lues geet.