Hat Dir och eng Rees a leschter Zäit geplangt? Oder hutt souguer nach a noer Zukunft en Fluch oder en Hotel reservéiert? Ma an awer wësst Dir net, wat Är Rechter sinn.

16/03/2020 Reesen an Zäite vum Corona-Virus: Wat si meng Rechter?

Fir d'alleréischt emol misst een tëscht Pauschalreesen an enger individueller Rees ënnerscheeden. Bei enger Pauschalrees huet een e Package aus zwou Leeschtungen, sief et Hotel a Vol oder Hotel an Excursioun, iwwert eng Reesagence gebucht. Bei enger individuell Rees handelt et sech, wéi de Numm et schonn seet, ëm eng Rees, déi ee sech sëlwer organiséiert huet. Also de Vol a säin Hotel eenzel a privat arrangéiert huet. Bei der momentaner Situatioun géinge Leit mat Pauschalreesen e bësse besser ewech kommen, seet d'Karine Basenach, Directrice vum Europäeschen Konsumenteschutz hei zu Lëtzebuerg. Ma och do misst een tëscht zwee Zenarien ënnerscheeden.

Wann den Touroperateur selwer annuléiert, da kritt de Reesenden déi voll Käschten nees zeréck. Allerdéngs kéint en, wann et e Fall vu méi héijer Gewalt wier, net nach zousätzlech Schuedenersatz kréien.

An dat wier beim Corona-Virus de Fall. Zweeten Zenario wier, wann ee selwer seng Vakanz als Reesenden wéinst dem Virus wéilt annuléieren.

Normalerweis misst een dann fir d'Frais de Résiliation opkommen. Ma och dat wier bei engem Fall vun méi héijer Gewalt net ze bezuelen.

An déi zwee zesummen kéinten dann en Indice dofir sinn, ob d'Recht vun den aussergewéinlechen Ëmstänn gräift oder net. An dann dierft d'Agence och keng Käschten fir eng Annulatioun vum Konsument verlaangen.

Bei de Reesen, déi ee selwer organiséiert huet, gesäit et bëssen anescht aus. Do muss een als Konsument nämlech sech och selwer ëm d'Annulatioun këmmeren. Ënnerscheed gëtt do, ob den Hotel an engem Risikogebitt läit oder net. Läit den Hotel a sou enger designéierter Zone, wann de Konsument zum Beispill net méi dohinner kënnt, wéi an Italien, dann...

...soll ee sech sou fréi wéi méiglech mam Hotel Kontakt ophuelen an dann wier et och um Hotel de Clienten d'Suen zeréck ze ginn, well ee guer net méi bei den Hotel kéint kommen.

Och wann een elo en Hotel an engem net an engem Risikogebitt läit an et wéilt een net goen, wier et am beschte wier et am beschten sech sou fréi wéi méiglech beim Hotel ze mellen. Och wann een do éischter keng Suen zeréck kritt, schliisslech kënnt een nach bis dohinner.

Déi meeschten Hoteller géinge sech am Ament awer immens kulant  weisen a géingen hire Clienten d'Suen zeréckginn. A sou wier et och bei de Fluchgesellschaften. Bei de Volen wier et nach eemol aneschters.

Do hätt een am beschten et géing ee waarden bis, dass d'Fluchgesellschaft de Vol annuléiert. Éischter géing ee soss keng Suen zeréck kréien.

Wien awer nach Froen hätt, kéint sech dofir iwwer Telefon oder per Mail beim Europäesche Konsumenteschutz mellen.

D'Nummer ass 26 84 64 - 1 an d'E-Mail info@cecluxembourg.lu .