Mol nees eng Äntwert op eng Fro déi sech warscheinlech den Ament kee stellt, ma grad an dësen Zäiten an deenen d'Leit all wéi mëll Desinfektiounsmëttel a Seef kafen a klauen, obwuel se déi Masse guer net brauchen, -wat geschitt eigentlech mat der Seef an den Hoteller? Michèle Schons 

16/03/2020 Wat geschitt mat der benotzter Seef am Hotel?

Normalerweis fënnt ee jo do ëmmer déi kleng Portiounen am Päckelchen, déi fir ee bis zwee Deeg duer ginn wann ee lo net iwwerméisseg vill benotzt, ma sollten se trotzdeem mol eidel sinn, da steet jo wéi vun Zauberhand Moies nees neit Material prett. An natierlech ginn et bestëmmt vill Leit, déi dann d'Seef an de Shampoing apaken a mat heem huelen, schliisslech weess ee jo ni wéini déi nächst Epidemie kënnt... mee doheem fléien se an de Schaf an et brauch een déi Saachen ni wierklech.  

Ma et ginn och nach Hoteller wou och nach richteg fest Stécker Seef leien, esou wéi een et vu fréier kennt, dat Stéck wat engem ëmmer duerch d'Hänn gelutscht ass an am Lavabo gelant ass. Wat passéiert da mat esou ugefaangene Stécker Seef, déi net ganz opgebraucht goufen? Ewechgeheie wär eng Méiglechkeet, awer net wierklech ëmweltfrëndlech an och Suen déi an d'Poubelle fléien. Tatsächlech gëtt et en aneren a bessere Wee. 

D'Non Profit-Organisatioun Tutaka mat hirem Programm Clean The World sammelt Hygiènesartikel, déi iwwreg bloufen aus iwwer 5000 B&B's, Vakanzenhaiser a Resorts weltwäit a verwandelt déi an nei Seef déi se u Leit an Nout verdeelt déi keen Zougang zu Hygiène Produiten hunn. Patrone kënnen sech do umellen a beim Programm matmaachen an de gesamten Oflaf iwwerhëlt d'Organisatioun, dat geet iwwert d'Ofhuelen bis zur Reproduktioun an der Weiderverdeelung.

E puer plakeg Zuelen: Bis virun zwee Joer huet d'Organisatioun 43 Millioune Seefestécker an 1,4 Millioune Kits an iwwer 118 Länner verdeelt. Méi wéi 1 Millioun Hotelszëmmer recycléieren all Dag, iwwer 7 Millioune Kilo Wäsch-Material gouf virun den Dreckstippe gerett an iwwer 590.000 Kilo Plastik recycléiert.