Et ass wichteg, datt mer eis och an der Immobilitéitsphas ze bewegen a fit ze halen. An eis gutt a gesond ernären. D'Dieteticienne Danielle Krier vun der Assocciatioun vun den Diététiciennen ANDL beréit eis wéi dat geet a gëtt eis e Plang a Rezepter. Dir fannt se hei!

19/03/2020 Den Immunsystem staerken an Zäite vum Corona-Virus

Dagesplang
•    Moies Müsli, mat Joghurt, Uebst an Nëss
•    Wasser, Kaffee, Téi
Mettesiessen
•    200 g Gemeis: Zalot, Zopp, warmt Geméis
•    Gromperen oder Vollkornreis, Vollkornnuddelen, Hirse, Quinoa, ...
•    Proteines: Fleesch, Fësch, Eer, Tofu, Hülsenfrüchte, Mëllëchprodukter
•    Wasser
Owesiessen
•    200 g Gemeis: Zalot, Zopp, warmt Geméis
•    Vollkornbrout oder Müsli oder Gromperen oder Vollkornreis, Vollkornnuddelen, Hirse, Quinoa, ...
•    Proteines: Fleesch, Fësch, Eer, Tofu, Hülsenfrüchte, Mëllëchprodukter
•    Wasser
Dotëscht
•    Uebst, Joghurt, Nëss, Drëchenuebst, Knabbergméis
•    Wasser

Kleng Recette – gemixtent Uebst 4 Portionen
•    4 EL Huewerflacken (Zenk, Fibren,....)
•    1 Orange frësch gepresst (Vit C)
•    4 Aeppel gewäsch, entkärt mat der Schuel (sekundär Planzestoffer, Fibren, Vit C)
•    2 bis 3 Bananen (Mg, Fibren, Energie)
•    4 EL Kokosflacken oder 8 Paranëss (Selen)
•    1 EL Leinueleg, Rapsueleg oder Walnossueleg (omega 3 Fetter)
•    alles zesummen mam Stabmixer püréieren, hält sech 1 Dag am Frigo

Vill Drénken
•    Tëscht 1,5 an 2 Liter / Dag
•    Wasser
•    Tisanes
•    Téi
•    Café - 1 bis 2 Taaasen
•    Ingwertéi: 2 cm net geschielte Ingwerwurzel an dënn Scheiwen schneiden, an enger Taas,  kachend Wasser driwer schëdden an 10 min zéien loossen, dann 1 TL Hunneg an 1 TL frësch gepressten Zitroun dobei