An Zäite vu Corona ass Oflenkung méi wéi wëllkomm. Och d'Museker hu schwéier Zäite viru sech well se sech net dobausse weise kënnen, also Concerte spillen. An den nächste Woche kënnt awer e gudde Pak Musek eraus, sou och dëse Weekend; ënner anerem vum Adam Lambert, Morrissey an The Weeknd

20032020 Nei Musek fir de Weekend

Fänke mir dës Kéier mam éischte Buschtaf vum ABC un, A wéi Adam Lambert. Eréischt am September hat de Sänger dee rezent vill mam Rescht vu Queen ënnerwee war, d'EP Velvet: Side A op de Marché bruecht. Bei déi 6 Lidder sinn der nach eng Kéier 7 dobäi komm, dorënner eng Kollaboratioun mam Nile Rodgers vu Chic, déi lieweg Legend ass bei Roses ze héieren. Eigentlech hätt den Adam Lambert elo am Abrëll seng nei Musek zu Las Vegas presentéiere sollen, wéinst der Corona-Kris ass dat awer op Äis geluecht, am August an am September soll dann eng Tour duerch Europa organiséiert ginn.

Beim Steven Patrick Morrissey, kuerz Morrissey, ass et an Tëschenzäit den 13. Album. I AM NOT A DOG ON A CHAIN wier, sou de britteschen Auteur, Songwriter a Sänger selwer, dat Bescht wat hie bis elo fabrizéiert hätt. Apropos fabrizéiert; de Morrissey war fir säin neien Album an der Provence am Studio La Fabrique, ze fannen zu Saint-Rémy-de-Provence, an huet duerno op d'Talent vum Joe Chiccarelli gesat, e Produzent dee scho Gréisste wéi U2, Alanis Morissette, Etta James, Jamie Cullum an The Killers betreit huet. Op der éischter Single Bobby, Don't You Think They Know? ass iwwregens d'Thelma Houston ze héieren.

Dee leschten neie Release fir dëse Weekend geet et op de Kont vum kanadesche Museker The Weeknd deen zënter dem 2015er Album Beauty Behind The Madness an de Lidder The Hills, Can't Feel My Face an In The Night zu de groussen Nummeren am Business zielt. Elo si mir bei Album Nummer 4 vum Kanadier, After Hours ass iwwer déi lescht 4 Joer entstanen, 2016 war den 3. Album Starboy erauskomm, dotëscht nach 2018 eng EP. Et ass dovunner auszegoen datt den Album e volle Succès gëtt, d'Plack huet et de leschte Mount an d'Top 10 vun der Rolling Stone Top 200 gepackt an dat mat nëmmen 3 Auskopplungen, Heartless, Blinding Lights an After Hours.