Ass en Enn ofzegesinn? Wéi laang wäerte mir, an di ganz Welt, mam Covid-19 ze kämpfen hunn, a wat si méiglech Léisunge, fir dem Virus lass ze ginn? Dat hu mir den Epidemiolog Joël Mossong vum Laboratoire National de Santé (LNS) gefrot.

Kann een en Enn vun der Kris viraus gesinn?

''Et ass nach ze fréi fir en Enn vun Epidemie viraus ze gesinn. Et ass elo en Aarbechtsgrupp op d'Bee gesat ginn, mat verschidde Partner, vum Ministère vun Santé, vun den Unien, den LNS, LIH, Statec, déi mathëllefe Previsiounen ze maachen wéi laang et nach kéint daueren a wéi den Impakt kéint sinn op de Gesondheetssystem. Ma dat si Saache, déi praktesch vun Dag zu Dag gekuckt ginn, sech reajustéieren a kucke wéi déi lescht Chifferen  doranner passen an déi verschidden Zenarioen. Mä et ass wierklech ze fréi fir ze soen a wéi eng Richtung et wäert goen. Et ass awer wichteg d'Chifferen ze kucken, déi do sinn. Bis den Dënschden waren de Weekend et jo nawell gutt Nouvellen, datt d'Zuel vun neie Fäll net weider geklommen ass, mä e bëssi erof gaange sinn. An et ass elo wichteg ze kucken ob deen Trend, dee vläicht op de Weekend kënnt, baséiert sinn, datt do vläicht manner Tester gemaach ginn, sech och an dëser Woch bestätegt. Dofir et ass wichteg elo an den nächsten Deeg ze kucken a wéi eng Richtung dass et geet.''

Et kann een och elo net aschätze wéi vill Infizéierter an Doudeger et um Enn wäert ginn?

''Dat ass wierklech ze fréi elo. Et soll een awer am A behalen, datt wärend enger normaler Grippe-Saison zu Lëtzebuerg et eng Partie Doudeger ginn, tëscht 60 an 120 Leit pro Joer. Do ass eng Surmortalitéit, déi mir gesi bei eelere Leit. Et ass elo wichteg ze kucke wéi dat elo mat der Mortalitéit weidergeet.''

Ze fréi zréck an d'Normalitéit goen, dat kéint fatal ausfalen?

''Dat ass kloer, déi Mesure hu jo réischt virun e puer Deeg ugefaangen an et ass elo nach wierklech ze fréi fir domadder nees komplett opzehalen. Et ass zwar e gewëssen Delai an dem ganzen System, et muss ee sech virstelle wann een infizéiert ass, dauert et 1 Woch bis et ausbrécht, dann ass een 1 Woch krank an da bei engem klengen Deel vun de Leit fänken nach no 1 Woch d'Komplikatiounen un, bis se dann an d'Spidol ginn. Dat heescht do ass e ganzen Delai dran, an där ganzer Ketten. Déi Effeten, déi mir duerch d'Mesure gesinn, kënne mir wierklech réischt an 2-3 Wochen observéiere wa se dann am Gesondheetssystem ukomm sinn.''

Dass de Virus net bei all Mënsch déi selwecht Auswierkung huet, huet dat och domadder ze dinn, dass de Virus Mutatioune mécht?

''Do muss ee ganz gutt oppassen, dass sou eng Zort Virus Mutatioune mécht. Dat ass einfach sou, déi Viren mutéieren. Et muss een awer och wëssen, datt deen heite Virus vill méi lues mutéiert wéi zum Beispill e Grippe-Virus. An déi Mutatiounen, déi mir elo gesinn hunn, datt ass eng vun den Analysen also de Schwéierpunkten vum LNS fir ze kucke wéi séier a wéi vill e mutéiert. An do gesi mir elo keng grouss Ënnerscheeder wat d'Severitéit vun de Symptomer sinn, ob de Virus elo mutéiert. Dat heescht am Moment muss een dovunner ausgoen, datt déi Viren all identesch virulent sinn. Dat eenzegt wat den Ament elo interessant ass, ass ze gesi wou kënnt de Virus hier. Well et gesäit ee ganz kloer, déi Fäll déi z.B. zu Mulhouse waren, do huet de Virus eng aner Ënnerschrëft wéi de Virus, deen an Norditalien war. Dat gesäit een elo schonns. Nach méi anescht ass et bei dem Virus, deen elo an Amerika zirkuléiert. Do kann een an der Zukunft elo ganz kloer soen vu wou de Virus kënnt. An dat gëtt ganz wichteg, wann et dann elo géif kommen, dass d'Zuel vun de Fäll géif erofgoen a mir mussen d'Introduktioune vun anere Länner nees méi ënnersichen, da gëtt de Genom vum Virus eng wichteg Informatioun.''

24/03/2020 Wéi laang dauert et nach? Deel 1

Et gëtt net just weltwäit no Léisungen gesicht, mä och zu Lëtzebuerg an de Joel Mossong erkläert wat do genee geschitt.

''Do ass en internationalen Austausch, dat si ganz spezialiséiert Laboen, déi dorunner schaffen. Et muss ee wëssen, et ass nach ni e Vaccin gi fir e Coronavirus an déi Laboen, déi wierklech dorunner schaffen, déi si wierklech ganz héich spezialiséiert fir déi Aarbechten ze maachen. A mir um LNS sinn do net aktiv gewiescht, dat geet iwwert eis Capacitéiten eraus.''

Eng méiglech Alternativ fir der Saach lass ze ginn, wier eng total Isolatioun? Wier wirtschaftlech awer net drobar?

''Dat ass ganz schwiereg ze soen, ob dat machbar wier. Dat hu se jo gemaach zu Wuhan a China, mä do hate se de Virdeel, dass e groussen Deel vu China dat awer net gemaach huet. Déi kéinte dunn awer hëllefen. Mir hunn dee Luxus zu Lëtzebuerg net, wou mir kéinte froe fir Hëllef vu baussen ze kréie fir dee Wee ze goen. Et muss een ofwaarde wéi et weidergeet. Ech hoffen op mannst, datt déi Mesure, déi bis elo geholl goufen, datt d'Zuel vun den Infektioune lues a lues erofginn an dat mir déi Saach an de Grëff kréien.''

Wichteg de Message ze widderhuelen fir disziplinéiert ze bleiwen an d'Saach net op déi liicht Schëller ze huelen!

''Ganz kloer, ech mengen wat ech all Dag gesinn wéi d'Leit sech behuele wa se akafe ginn oder trëppelen, déi Mesuren, déi d'Leit huelen, sinn ongleeflech. Et ass wierklech iwwerraschend an et ass immens wéi d'Leit probéiere mat der Situatioun eens ze ginn. ''Physical Distancing'', kierperlech Kontakter vermeiden jo, mä d'Leit sollen awer net déi sozial Kontakter evitéieren. Sozial Kontakter heescht och mat anere Leit iwwer Telefon schwätzen, iwwer Handy...mat senger Famill, sengen Aarbechtskolleegen, mat den Noperen och. Dat ass ganz wichteg, dass Mënschen Kontakter halen. Dat ass wichteg fir Sécherheet ze ginn.''

24/03/2020 Wéi laang dauert et nach? Deel 2

Weider nëtzlech Informatiounen zur aktueller Lag op: